
© Unsplash
En Thema, dat net ëmmer sou dacks beschwat gëtt, ass d’Schofbehuelen, wann ee bis net méi eleng am Bett ass.
An enger Bezéiung ass et fir déi meescht nëmmen natierlech, fir zesummen an engem Bett ze schlofen. Besonnesch wann een nach méi jonk ass oder d’Bezéiung grad réischt ugefaangen huet, ass d’Zesummeschlofen e wichtegen Deel vun der Bezéiung. Ritualer, wéi zesumme schlofen ze goen a rëm opzestoen oder sech e Kuss ze gi virum Aschlofen an nom Opstoen, gehéieren zum dësem Rhythmus dobäi.
Dëst Behuelen ass awer bei all Koppel e bëssen anescht, well och wann een zesummen ass, huet jidderee säin individuelle Schlofrhythmus. Tatsächlech kann och net jidderee gutt schlofen, wann eng aner Persoun donieft läit. Dofir sollt et och an der Bezéiung och kee Muss sinn zesummen an engem Bett ze schlofen.Hei kommen da getrennte Better oder souguer getrennte Kummeren an d’Spill.
An dësem Fall schwätzt ee vun enger sougenannter Schlofscheedung. Dat heescht awer net, datt ee sech géigesäiteg net méi gär huet, mee éischter de Géigendeel. Et sollt een nämlech Récksiicht op senge Léifsten hir Gesondheet huelen. E gudde Schlof dréit net nëmmen zu enger gesonder Bezéiung bäi, mee och, zu der Stëmmung, der Konzentratioun oder och zu der psychescher Verfaassung.
Eng Etüd vun Elitepartner huet bis zu 4.000 Persounen zu dësem Thema befrot. Dobäi ass rauskomm, datt 1 vun 10 Koppele géif a getrennte Kummere schlofen. 8% géifen déi eng Nuecht mol zesummen oder a getrennte Better schlofen. U sech ass dat awer nozevollzéien, well et gëtt een awer mol vum Partner am Schlof gestéiert. Entweder klaut deen een deem aneren d’Decken oder souguer eng ganz Bett-Hallschent oder et gëtt een duerch deem anere säi Schnaarche gestéiert.
Am grousse Ganze sollt dann all Koppel hire Schlofrhythmus fannen a sech op kee Fall dofir schummen, getrennt vun eneen ze schlofen. E gesonde Schlof kann nämlech och mol e Schlëssel fir eng glécklech Bezéiung sinn.