
© Pexels
Dir kennt et bestëmmt: Dir gitt aus der Stuff eraus a gitt an d’Kichen eran an hutt komplett vergiess wat dir maache wollt. Dat ass den "doorway effect".
Heiansdo huet een d’Gefill dass de Fait dass een an en anere Raum trëppelt, mat sech bréngt dass seng Gedanke komplett geläscht ginn. Et weess een net méi wat een u sech wëlles hat. Dir sidd net eleng: vill Leit hunn dat.
Dësen Effekt huet e wëssenschaftlechen Numm: de sougenannten "doorway effect". Et vergësst een eppes wann een de Raum verléisst well d’Gehier sech un déi nei Ëmgéigend gewinne muss an d’Gehier gëtt da vun neie Gedanken ofgelenkt. Et gesäit een nämlech aner Saachen an deem Raum an da falen engem vläicht aner Saachen an, déi ee maache muss.
E Fuerscher-Team vun der University of Notre Dame am US-Bundesstaat Illinois hunn sech 2011 intensiv mat dësem Effekt ausernee gesat. Si hunn un enger Etüd mat dräi Experimenter geschafft, déi am Quarterly Journal of Experimental Psychology verëffentlecht gouf.
Doraus ass ervirgaangen dass mir eis eis Erënnerungen net iwwert e bestëmmten Zäitraum mierke kënnen, aplaz späichert d’Gehier alles an Episoden of. An all Raum stellt e fäerdegt Kapitel duer an och eng mental Grenz. Mee den Effekt geet net ëmmer. Heiansdo fokusséiere mir eis esou op Gedanken dass mir se net vergiesse wa mir an en anere Raum ginn. An heiansdo falen engem d’Saachen nees a wann een zeréck op seng Plaz geet. Dat ass awer net ëmmer de Fall.
Konkret kann een net vill géint esou en Effekt maachen. Mee et brauch een sech keng Suergen ze maachen, dass een ënner Demenz leider géif. Dat Vergiessen ass nämlech eng nëtzlech Funktioun vum Gehier, et filtréiert wat wichteg an onwichteg ass.