
© Unsplash
Leit, déi gläichzäiteg schaffen a studéieren, sollen och vum Staat gehollef kréien.
De Joao Pedro Sousa Bras huet eng Petitioun lancéiert, déi sech fir eng spezifesch Grupp vu Leit asetzt. An zwar Leit, déi esouwuel schaffe wéi och studéieren.
Wat ass dann d’Zil vun der Petitioun?
"Zil vun der Petitioun ass et dass d’Leit, déi 40 Stonnen d’Woch schaffen, d’Recht hunn op eng Bourse wéi all anere Student. Natierlech wier déi net esou héich wéi déi vun engem normale Student mee dass awer eng Ënnerstëtzung ass op der Aarbecht fir d’Leit ze motivéieren a fir dass dat unerkannt gëtt dass déi Leit schaffen a studéieren."
De Petitionär ass nämlech selwer an der Situatioun a schafft 40 Stonnen d’Woch an huet niewebäi e Studium, wat net ëmmer ganz einfach ass.
"Ech schaffe 40 Stonnen d’Woch an ech ginn niewebäi nach op d’Uni well et ass net ëmmer kloer dass d’Eltere beim Studium hëllefen oder dass do iergendeng Ënnerstëtzung ass. Oft hunn déi Leit och nach en Appartement, Haus oder Auto ze bezuelen. An och déi Liewenskäschten, déi hautzedaags net méi sou kleng si wéi fréier. An de meeschte Fäll hunn d’Studenten och en Auslandssemester an da muss een sech Congé sans soldes huelen."
D’Reaktioun war relativ positiv op d’Petitioun.
"Ma ech hunn elo net mat all ze villen Leit driwwer geschwat just eeben esou Kolleegen a Famill an Aarbechtskolleegen an d’Reaktioun war ëmmer zimmlech positiv si hunn et awer all richteg fonnt dass déi Leit och eng Bourse géife kréien."
D’Petitioun kann een um Site vun der Chamber fannen.