Eldoradio huet am Interview mam Generalist Dr. Didier Oussard iwwer Self-Diagnos um Internet geschwat.

Et ass eng Situatioun, déi mir alleguer kennen. Et fillt een sech krank oder mengt, et géif mam eegene Kierper iergendeppes net stëmmen. Ass een an esou Fäll fréier bei den Dokter gaangen, gräift een am Joer 2023 gäre mol op den Internet zréck. Ganz nom Motto : Den Internet weess hautdesdaags alles! Dës gëllt et dem dem Generalist Dr. Didier Oussard no, awer absolutt ze evitéieren!

Am Eldo-Interview huet hien eis verroden, dass een op kee Fall eng Self-Diagnos soll maache, virun allem net mat Tools wéi Google oder Social Media. D'Sichmaschinn wier nämlech net dorobber programméiert, déi richteg Saachen un ze weisen. Villméi kritt een, typesch Google, déi Saachen ugewisen, déi d'Leit am meeschten nogesicht hunn. An dat wiere logescherweis d'Worst Case Zenarien.

Soll een eng Self-Diagnose via Google maachen?

Wann ee probéiert sech um Internet selwer schlau ze maachen, ënnersicht ee just seng Symptomer. Wien awer bei e Generalist geet, kritt am Laf vun der Ënnersichung eng Rëtsch vu Froe gestallt. Déi hëllefen dem Dokter nämlech Saachen auszeschléissen, wat fir eng effizienter Diagnos awer immens wichteg.

Wat sinn d'Virdeeler vun engem Generalist?

E weidere Virdeel, deen de Generalist der Self-Diagnos viraushuet, ass d'Ënnersichung. Domadder probéiert den Dokter nämlech, säin urspréngleche Verdacht ze bestätegen. Aus dësem Grond sinn Tele-Consultatiounen, déi duerch Corona opkomm sinn, och nëmme bedéngt sënnvoll.

Bei Google a Co. gëtt et keng Ënnersichung

Dat Schlëmmst, wat dir bei Krankheet kënnt maachen, ass op divers Foren a Social Media zréck ze gräifen. Hei ginn et nämlech dacks just Äntwerte vu Leit, déi net déi néideg medezinesch Kompetenz hunn. A wéi iwwerall um Internet, sinn hei Leit ënnerwee, déi bewosst falsch Informatioune verbreeden. Sief et aus eegenem Profit oder aus schlechtem Wëllen.

Bei Krankheet Foren & Social-Media evitéieren!

Och wa vill Sitten op den éischte Bléck seriö a vertrauenswierdeg wierken, sinn se et an de meeschte Fäll net. Evitéiere sollt dir virun allem all Zort vu Recommandatioun wat Medikamenter ugeet, besonnesch wann den Internet-Site iech op ee Shop weiderleet op deem et dës ze kafe ginn. Dës kann an de schlëmmste Fäll nämlech richteg geféierlech ginn.

Keng Medikamenter Online kaafen!

Eng Self-Diagnos via Internet ass sou oder sou op alle Fall ze evitéieren! Wann ee sech trotzdeem wëll schlau maachen, ginn et verschidde Méiglechkeeten, gutt Quelle vu schlechten ze ënnerscheeden. Allerdéngs bréngt dat enger normaler Persoun ouni medezineschen Hannergrond meeschtens relativ wéineg.

Wéi fënnt ee gutt Quellen?

Dem Dr. Didier Oussard no, sollt ee bei all Symptom oder Zweiwel als éischt säi Generalist opsichen. E Groussdeel vun de Problemer oder Krankheete kënne nämlech direkt hei behandelt ginn. Sollt awer ee Spezialist noutwenneg sinn, kann de Wee bei de Generalist d'Waardezäit bei dësem verkierzen. Stellt de Generalist nämlech eng Urgence fest, gëtt ee prioritär behandelt.

Ëmmer als éischt bei säi Généralist goen!

Bei Krankheet sollt een den Internet am beschte just benotzen, fir sech online ee Rendez-Vous bei sengem Generalist ze huelen. Och wann een sech fir de Besuch beim Dokter Zäit muss huelen, evitéiert een esou all Risiko. An dat ass bei eiser Gesondheet ëmmerhin dat Allerwichtegst.