Den 20. November ass Weltkannerdag an dowéinst hu mir mat dräi jonken engagéierte Persounen iwwert d'Zukunft vun der Welt, Lëtzebuerg an de Krise geschwat.

D'UNICEF Youth Ambassadors erwaarde vun der neier Regierung, dass déi sech fir d'Wuelbefanne vun der Gesellschaft a virun allem vun de Jonken a Kanner asetzt an dass en och Mesure geholl gi fir déi ënnerschiddlech Krise sënnvoll ze bekämpfen. Esou mussen zum Beispill beim Klimawandel déi erneierbar Energie gefërdert ginn an dës Mesure mussen awer och gerecht fir d'Zukunft sinn. Des Weideren ass d'Bildung och ee wichteg Thema an hei muss dat kritescht Denke méi gefërdert ginn an déi Jonk sollen Tools ugebuede kréie fir sech villfälteg iwwert all Theme kënnen z'informéieren.

All Ministère huet seng Roll an huet seng Aufgaben, mee verschidde Ministère si fir déi Jonk méi wichteg a spillen och eng wichteg Roll fir d'Zukunft. Zum Beispill mussen de Logements- an den Aarbechtsministère sech aktuell mat méi schwéiere Krisen ausernee setzen a grad déi mussen hei zu Lëtzebuerg elo mol bekämpft ginn.

An de Schoule misst d'Offer vun de Couren un d'Beruffer vun der Zukunft ugepasst ginn an dorënner fält d'Kompetenz vun der Resilienz an ze léieren, wéi ee Problemer léisst.

D'Aktualitéit wéist, dass et vill Krise ginn, wéi de Klimawandel, d'Inflatioun, Kricher an Ongerechtegkeeten, mee déi Jonk gesinn d'Zukunft awer net elo net nëmme schwaarz. Et gëtt nämlech keng positiv oder negativ Zukunft, mee d'Zukunft ass déi, déi een elo ufänken ze gestalten a wat en draus mécht.

Fir sech net ze vill vun de Krisen erofzéien ze loossen, ass et wichteg och mol digital Pausen ze maachen a kritesch ze denken, well déi Jonk si konstant op de soziale Medien an do ass ee mat villem Negative konfrontéiert an dowéinst ass et wichteg de Bléck heiansdo vun do ewech ze huelen an sech bewosst op Positives ze fokusséieren.

An déi Krise soll een als Erausfuerderunge gesinn an dës encouragéieren een net opzeginn, mee déi Problemer unzegoen andeems een d'Gespréich iwwer kontrovers Theme siche geet, Léisunge probéiert ze fannen andeems ee Versteesdemech fir Verschiddenes kritt an esou kann een sech géigesäiteg hëllefen, dass ee Jonker net nëmme vun de Krise beaflosst ginn, mee och un de Léisunge vun de Krise kënne matschaffen.

Den 20. November ass Weltkannerdag an dësen Dag soll sech fir Kanner a Jonker weltwäit asetzen, déi vun Ongerechtegkeete geplot sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage.