Onmënschlech Verhältnisser an Zoustänn. An eng Politik, déi zu groussen Deeler versot huet... Exclusiv Erfahrungen aus dem griicheschen Flüchtlingslager!

Mat engem Grupp vun Leit war d’Yolande Koster an deem wuel gréissten Flüchtlingslager am Moment deen et gëtt. Nämlech am griicheschen Idomenie, engem risegen Flüchtlingslager, dat net wäit vun der mazedonescher Grenz ewech ass. Dausende Mënschen waarden do am Lager a wëssen dacks net richteg. Wéi et iwwerhaapt wieder geet.

Si war nämlech vum 19. Abrëll bis den 26. Abrëll, also virun 3 Deeg nach, mat hirer Organisatioun „Catch a Smile“ zu Idomenie.

RTL

© www.catchasmile.org

Ugefangen huet alles ëm November 2015, wou si mat engem klengen Grupp vu 9 Leit an Réfugiéscampen an de Balkan gereest ass, fir do de Mënschen ze hëllefen, déi op der Flucht virun Misère, Gewalt a Krich sinn.  Dono wollt een weidermaachen, nach méi hëllefen, do wou d’Hëllef gebraucht gëtt.

Idomenie war dunn ganz séier d’Destinatioun.

RTL

© www.catchasmile.org

Wann een vun sou enger Plaz erëmkënnt, enger Plaz wou Leed a Freed an Extremen niefteneen existéieren. Dann kënnt een als e neien Mënsch erëm. Et géif een méi kréien vun de Flüchtlingen, wéi ee gëtt.

Et léiert een d’Leit kënnen, Leit di wéi mir hier Famille wëllen duerchbréngen an e glécklecht Liewen wëllen hunn.

RTL

© www.catchasmile.org

D’Flüchtlingen sinn fir alles dankbar wat en se kréien sou Yolande Koster wieder. Eenzeg iwwert d’Politik ass een enttäuscht.  Och d’Volontaire géifen sur Place mol d’Versoen wierklech konstatéieren.

Lauschtert hei de Reportage am Audio:

Hei kann een de kompletten Interview mam Yolande Koster vun Catch a Smile lauschteren:

Hei sinn d'Linken fir méi iwwer Catch a Smile gewuer ze ginn: