Hei sinn e puer Äntwerten zu de meescht gestallte Froen.

Wéi kann ech mech infizéieren?

Wann een direkt vun engem Infizéierten ugehouscht oder ugenéitst gëtt oder an d’Géigend vun engem Kranke kënnt, besteet d’Gefor, dass een sech mam Virus infizéiert. Am beschten hält een sech wäit vu Kranken ewech, op d'mannst eng Distanz vun zwee Meter anhalen, an et wäscht een sech reegelméisseg d’Hänn mat Waasser a Seef.

Wann een houscht oder néitst, soll een dat an den Ielebou oder an ee Pabeiers-Nuesschnappech maachen, an dat dann an eng Poubelle geheien.

Wéi wäschen ech meng Hänn richteg?

Et ass virun allem wichteg, sech d’Hänn mat Seef ze wäschen an dat reegelméisseg wärend ronn 1 Minutt. Dobäi sollen d'Hänn grëndlech gewäsch ginn, och tëscht de Fangeren an och d'Neel. Et soll een och evitéieren sech am Gesiicht ze beréieren a sech d'Hand oder Beesen ze ginn, fir Moien ze soen.

© sante.lu

Ass et besser, kengem méi d’Hand ze ginn?

Et sollt een de Moment anere Mënschen net d’Hand ginn. Dat huet näischt mat Onhéiflechkeet ze dinn.

Et ginn och Alternative fir sech moien ze soen, mir hunn der 3 nogestallt:

Mécht et Sënn, am Alldag Händchen un ze hunn?

Et hänkt dovunner of, wou een all Dag higräift. Wann ee Klenschen, Grëffer am Bus oder soss eppes beréiert, kann ee Viren op d’Hänn kréien. Händchen sinn do sécher sënnvoll, mee Hänn wäschen ass nach méi wichteg.

Wie gëllt an der Bevëlkerung als besonnesch menacéiert?

Méi eeler Mënschen mat chroneschen Erkrankungen wéi och Persoune mat engem méi schwaachen Immunssystem (z.B. Transplantatiounspatienten).

Ass et méiglech, sech bei enger Persoun unzestiechen, déi keng Symptomer opweist?

Jo, dat ass méiglech. De Coronavirus kann och ee ganz mëlle Verlaf hunn. Et ka sinn, dass een, dee kaum Symptomer opweist, um Virus erkrankt ass.

Wat sinn d'Symptomer wann ech de Coronavirus hunn? 

Et ginn 3 Haaptsymptomer, déi op eng méiglech Infektioun hiweise kënnen:

- Houscht, Féiwer, Otemnout

Dovunner sollt een op d'mannst 2 vun 3 hunn.

Wat ass den Ënnerscheed tëscht dem Coronavirus, enger Gripp an enger Erkältung? 

Wéi muss ech bei Symptomer verhalen?

Huet ee Symptomer da sollt een säin Dokter, d’Inspection sanitaire (Tel. 2478-5650) vun der Santé oder den Noutruff (Tel. 112) uruffen.

Et sollt een net bei den Hausdokter oder an d'Klinik goe well do d'Gefor besteet anerer unzestiechen. Et sollt ee fir d'éischt uruffen an da kritt ee gesot wat ee genee maache soll. Also wärend dem Dag d'Inspection sanitaire a baussent de Bürostonnen den Noutruff uruffen.

D'Santé huet och eng Info-Hotline (Tel.: 8002-8080) ageriicht.

Muss ech iwwerall ee Mondschutz unhunn? 

Zu Lëtzebuerg gëllt zënter dem 20. Abrëll eng Maskeflicht, an zwar iwwerrall do wou een den Ofstand vun 2 Meter net anhale kann. Zum Beispill am Supermarché oder am ëffentlechen Transport.

All Bierger kritt vu senger Gemeng Masken zur Dispositioun gestallt. Dës kritt een entweder vu Gemengenaarbechter selwer ausgedeelt oder et kritt ee se vu senger Gemeng per Post geschéckt.

Et muss net onbedéngt eng professionell Mask sinn. Ee Schal, ee Buff oder ee Foulard sinn och méiglech, sou laang de Mond an d'Nues verdeckt sinn.

Desinfektiounsmëttel sinn och effikass fir sech ze schützen. Falls ee keng méi ze kafe kritt, huet d'WHO op hirem Internetsite eng Beschreiwung erausginn, wéi ee selwer Desinfektiounsmëttel produzéiere kann.