An der aktueller Zäit soll ee sech méi heefeg wéi am normalen d'Hänn wäschen. Ma net nëmmen d'Hänn soll ee propper halen.

Och hei am Land breet sech de Corona Virus ëmmer weider aus. Esou ass et logescherweis normal, dass ee sech esou gutt et geet do virdru schützt. Dat heescht net nëmme seng Hänn gutt ze wäschen, mee och den Display vum Smartphone. Op der glater Uewerfläch ville sech d'Bakteerien a Viren nämlech besonnesch wuel a kënne laang iwwerliewen.

Wéi een dat am beschte mécht ass eigentlech net schwéier. Mat engem normalen Desinfektiounsmëttel kann een den Display vun de Bakterien a Vire befreien. Wichteg ass hei just, dass een d'Mëttel net direkt op de Bildschierm sprayt, mee léiwer fir d'éischt d'Mëttel op e Läppche ginn an dann domat de Smartphone botzen. Duerch Inhaltsstoffer wéi zum Beispill Alkohol oder Waasserstoffperoxid ass de Risiko nämlech ze grouss, dass een d'Uewerfläch vum Handy beschiedegt wann een dëst zum Beispill direkt drop sprayt.

E weideren Tipp ass hei, eng Routine dorausser ze maachen. Wann der doheem era kommt, dann desinfizéiert direkt äre Smartphone.

Natierlech kann een dat ganzt och maache wann een ënnerwee ass. Dofir ginn et ganz speziell kleng Botzdicher mat deenen een de Schierm kann ofmaachen. Et kann een natierlech och d'Schutzfolie méi dacks wiesselen, dat ass allerdéngs e groussen Opwand a kascht och deementspriechend.

E leschten Tipp: Loosst den Handy einfach mol méi dacks an der Täsch. Der kommt esou net a Kontakt mat eventuelle Viren a Bakterien an dir kritt är Ëmwelt nees méi bewosst mat.

Lauschtert eran