Déi nei Mesure vun der Regierung solle keng Strof sinn, mee eng Hëllef am Kampf géint de Coronavirus. Wien doheem bleift, schützt aner Mënschen!

De Coronavirus ass och hei zu Lëtzebuerg ukomm. Ma elo gëllt et, d'Ausbrieche vum Virus esou wäit wéi méiglech ze limitéieren. Dowéinst huet d'Regierung eng Partie nei Mesure verhaangen.

Des kënnen iwwerdriwwen, oder schockéierend wierken. Mee dat ass net de Sënn. Et geet virun allem drëms déi Leit ze schützen, déi un de Suite vun enger Infektioun mam Coronavirus stierwe kënnen. Wann der Iech elo sot, dass der awer keng esou Persounen an ärem Ëmfeld hutt, muss der Iech déi nächst Fro stellen: A wat ass mat anere Leit? Mat Frënn, oder Noperen? Wann do d'Äntwert „Jo", „Villäicht" oder „ech weess net" ass, gëtt et keng Excuse, sech net un d'Mesure vun der Regierung ze halen.

Lauschtert hei eran!

Dofir ass et och absolut wichteg, sech un déi allgemeng Sécherheetsmesure ze hale wéi:

  • Ofstand halen (min. 2 Meter)

  • Hänn reegelméisseg wäschen

  • Kontakt mat anere Persounen evitéieren

  • Deplacementer limitéieren

Dat bedeit och, dass elo leider net déi richteg Zäit ass, fir mat Kollegen zesummen ee Grillowend, eng Dinnerparty, oder Filmowend ze maachen. Dat klengt brutal, an ass et fir Verschiddener och. Villäicht well mer hei zu Lëtzebuerg ganz besonnesch un eis Beweegungsfräiheet gewinnt sinn.
Mee wann der duerch d'Upasse vun ärem Verhalen, Mënscheliewe kënnt schützen, an anere Leit d'Péng erspueren een ze verléieren, ass et da wierklech extrem?

Diagramm: Evolutioun vum Virus ouni Schutzmesuren

© Eldoradio

Diagramm: Evolutioun vum Virus mat Schutzmesuren