Mat enger neier Funktioun ass et elo méiglech zu puer, a virun allem parallel, deen nämmlechte Film ze kucken.

Wärend der aktueller Kris soll ee jo de Kontakt mat aner Mënsche vermeiden. Also ass et och schwiereg fir mat de Kolleegen zesummen e Filmowend ze maachen oder besser gesot et war schwiereg.

Et kann ee sech zum Beispill uruffen an um nämmlechte Film einfach gläichzäiteg Play drécken, da leeft de Film parallel. Ma Netflix huet sech do elo eppes ganz Cleveres iwwerluecht fir dat ganzt nach vill méi einfach an effikass ze maachen.

Mat engem neien Tool vum Streamingdéngscht ass dat elo méiglech.

D’Viraussetzung ass hei entweder e stationäre Computer oder e Laptop mam Browser Google Chrome. Fir dee Browser muss een elo nach den Addon "Netflix Party" installéieren. Um iPhone oder iPad ass déi Funktioun allerdéngs nach net accessibel.

Esoubal dësen installéiert ass kënnt uewe riets niewent der Adresszeil e Symbol mat NP. Elo muss ee sech just nach um Netflix umellen, e Film starten a Paus drécken. Ab deem Punkt fierft sech dat NP-Logo rout. Wann een elo drop dréckt muss een nëmmen nach "Start the Party" auswielen an de Link deen een da kritt un d’Kolleege schécken. Déi kopéieren de Link an hire Google Chrome Browser, drécken op d’NP-Logo an d’Party ka lass goen.

Op déi Aart a Weis kann een e Film parallel mat senge Kolleege kucken an dat ganz ouni mussen zesummen an engem Raum ze sinn. Also perfekt fir eis aktuell Zäit.

Lauschtert eran