Et sëtzt een elo vill méi doheem. Dann ass och de Frigo, an de Schaf oder Tirang mam Séissen net wäit ewech. Wéi soll een do a Form bleiwen?!

Et ginn e puer kleng Regelen déi ee sech kann opstellen, sou dass een net no längerer Zäit am Home Office bäigeholl huet! Sou kuerz virum Summer wëll een dat jo sécher net.

Besonnesch duerch déi ongewinnte Situatioun vun der Coronavirus-Pandemie, an der Onsécherheet wéi et weidergeet muss een oppasse mam Iessen. Kuckt op der just aus Stress an net aus Honger iesst. Well duerch de Stress iesse gëtt op Dauer zur Gewunnecht, an huet och Konsequenze fir d'Figur.

D'selwecht mam Gliesche Wäin. Ee Glas Wäin ass jo alt nach okay, mee och doraus, soll ee besser keng Gewunnecht maachen, an net 3 oder 4 Glieser den Dag drénken. Et gëllt d'Mooss am A ze behalen.

Dann allgemeng: wann der Iech vill Schockela a Chipse kaaft, dann ass de Risiko och vill méi héich, dass der dat dann natierlech och alles iesst. Vue dass de Wee an de Supermarché manner dacks gemaach gëtt, keeft een direkt anescht an. Ma do ass et am Beschte mat enger präziser Lëscht an de Butték eran ze goen, an sech net zevill vun ongesonde Saache lackelen ze loossen.

Am Beschte soll een dann och probéiere sech reegelméisseg selwer ze kachen, an net zevill op fäerdeg Produiten zeréck gräifen.

Lauschtert hei eran!