Grouss a Kleng sëtzt doheem an der Quarantäne, oder der Isolatioun. Fir déi Kleng bei Laun ze halen, hu mer hei e puer Saachen zesummegesicht.

Et dierft de Moment fir kee wierklech einfach si mat dëser ongewinnter Situatioun ëmzegoen. Ma fir Kanner ass et heiansdo nach méi schwéier, well se villäicht net ganz verstinn, firwat se elo esou vill dobanne bleiwe mussen.

Wat schonn eng grouss Hëllef ass, wann een ee Balkon, oder nach besser ee Gaart huet. Do kënnen d'Kanner virun allem emol un d'frësch Loft, an och e bësse Sonn tanken. Eng gutt Iddi ass et do zum Beispill ee klenge Kraidergaart unzeleeën. Doduerch léieren se éischtens eppes bäi, a wäerte sech freeën all Dag ze kontrolléieren wéi hir Planzen dann elo gewuess sinn. An net ze vergiessen: et huet een herno frësch Kraider!

Lauschtert hei eran!

Amplaz dobaussen ze reese, kann een dat och vun doheem aus maachen. Deen een Dag ass den Zirkus an der Stuff, deen aneren sëtzt een op eemol matzen am Wëlle Westen. Bei esou Spiller, kann een sech och als Eltere vun der Kreativitéit vun de Kanner matrappe loossen an eng aner Welt, an fir e Moment ofschalten.

Kanner hëllefen eigentlech och gären doheem mat. Besonnesch, wann se eppes "wéi déi Grouss" dierfe maachen. Sief dat fir selwer mat Pangecher ze maachen, lecker Muffins ze baken, oder einfach selwer am Dëppen ze réieren. Et kann zwar gutt sinn, dass är Kichen ë bësse méi duercherneen ass wéi gewinnt, mee dat dierft et awer derwäert sinn, fir ee glécklecht Kannergrinsen.

Wat och ëmmer nach eng gutt Iddi ass: eng ganz klassesch "Schnitzeljagd". Dat verlaangt natierlech e bësse méi Preparatioun, mee de Spaass ass hei garantéiert. D'Juegd nom grousse Schatz zum Schluss, féiert déi Kleng och eemol queesch duerch déi ganz Wunneng, mee beschäftegt, kritt der se domat awer sécher eng Zäitchen.