Dir hutt genuch geschlof an sidd awer midd? De Grond ass vläicht déi falsch Ariichtung vun ärer Schlofkummer. Hei muss een op verschidde Saachen oppassen.

Schlofen ass gesond!

Dëse Sproch gëllt net just wann ee krank ass, mee och präventiv, fir säi Kierper a säin Immunsystem ze stäerken. An dësen Zäiten also ëmsou méi wichteg. Wann dir onroueg schlooft an trotz Home-Office moies geriedert sidd, da kuckt Iech mol vläicht an ärer Schlofkummer ëm. Hei kann een nämlech vill Saache falsch maachen

Raus mat elektronesche Geräter!

De Fernsee an de Laptop hunn an der Kummer näischt verluer. Virun allem net, wann et Zäit ass, fir an d'Bett ze goen. Dat selwecht zielt och fir de Smartphone. Wann dir awer elo fäert äre Wecker net ze héieren, leet den Handy esou wäit fort vun ärem Kapp wéi nëmme méiglech. D'Stralung, déi esouguer am Stand-By Modus duerch dës Geräter entsteet, suergt dofir, dass eist Gehier an der Nuecht net zur Rou kënnt.

Richteg Wonner wierkt och nei Bettwäsch a virun allem reegelméisseg ze lëften. Knaschteg Kleeder hunn an der Schlofkummer och Näischt verluer. Just well d'Stuff huet missen als Home-Office ëmfunktionéiert ginn, soll een net d'Schlofzëmmer als Ofstellkummer mëssbrauchen.

Blummen an aner Planze wierke Wonner!

Fir gutt ze schlofen, gräife vill Leit och ob Meditatiouns-Apps oder Loft-Difuser zréck. Et geet awer och méi einfach, an zwar mat Hëllef vu Blummen a Planzen. Dës filteren net just schiedlech Stoffer aus der Loft, ma entspanen och duerch hiren Doft. E gutt Beispill ass Lavendel. En gesäit net just schéin aus, ma berouegt och de Kierper. Dat hunn verschidden Etüden aus de leschte Jore gewisen.

E Must Have bei de Planzen an der Schlofkummer ass déi sougenannte Sansevieria Aethiopica, och nach Schlaangeplanz genannt. De Virdeel: Kuelestoffmonoxid gëtt och an der Nuecht a Sauerstoff ëmgewandelt. Déi meescht Planze maachen dat just daagsiwwer.

An deem Sënn, och an der Schlofmummer Wäert op Grénges leeën. Da schléift et sech an Zukunft och besser.