Wien de Weekend iwwer hei zu London duerch d’Stad spadséiert ass, dee kéint mengen de Coronavirus wier schonn nees fort.

D’Parke ware wéinst dem gudde Wieder voll, op de Mäert gouf wéi üblech gehandelt an egal wou een higekuckt huet, ware Famille mat hire Kanner ënnerwee. Et ass also, esou kéint ee mengen, alles beim Alen hei an der brittescher Haaptstad. Business as usual, souzesoen.

Lauschtert hei de Reportage:

Mee de groussen Ënnerscheed ass, dass d’Coronakris hei iwwerhaapt net ënner Kontroll ass. Zënter enger Woch gëtt et all Dag e Briefing vun der Regierung wou zum Beispill engersäits d’Pubs a Restaurant opgefuerdert ginn zouzemaachen, hinnen anerersäits awer d’Optioun gebuede gëtt opzebleiwen esou laang se just Iessen a Gedrénks à emporter ubidden. Och de Boris Johnson seet, dass een sech doheem isoléiere soll, confirméiert kuerz duerno awer, dass hien hofft seng Mamm de Weekend iwwer kënnen ze gesinn. De Chaos ass bei esou onklore Mesuren an Aussoen, also virprogramméiert.

De Weekend an engem Park zu London / © Serge Reuter

Mee ëmmerhin gëtt et mëttlerweil en Ausdrock fir all déi Leit, déi sech muttwëlleg net un d’Restriktiounen halen, nämlech d’Covidioten. Mee och dat mécht de Virus net manner geféierlech. Wann de Boris Johnson net geschwë méi drastesch Mesuren ukënnegt, da wäerten nach e puer ganz haart Wochen a Méint op d’Britten duerkommen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter