D'Pandemie hannerléisst och an den App-Stores hir Spuren...

Kuckt ee sech d'Charts vun den App-Stores u beleeë meeschtens ëmmer déi selwecht albekannten Applikatiounen, wéi zum Beispill "WhatsApp", "Instagram" oder "TikTok", déi éischt Plazen. Ma momentan ass näischt wéi ëmmer an dofir erliewen elo och mol Apps e Boom, déi soss net onbedéngt esou dacks genotzt ginn.

1. Home Office

Immens vill Leit si momentan fräiwëlleg gezwonge vun doheem aus ze schaffen an dofir ginn natierlech berufflech Chat- a Kommunikatiounstools gebraucht. Ganz vir läit do "Microsoft Teams", eng App, mat där een chatte kann, Meetings arrangéiert an Team-Projete verwalt. Donieft erlieft och "Zoom" grad en Opschwong, deels well ee mat dëser Applikatioun ganz einfach professionell Video-Konferenzen hale kann, deels well och scho Privatpersounen dorop opmierksam gi sinn a sech esou heiriwwer mat Frënn Rendezvous fir e Video-Call ginn. Weider Büro-Apps wéi "Slack", "Google Hangouts" oder "Microsoft OneNote" ginn natierlech och méi wéi soss erofgelueden.

2. Party-Trends

Fir de Spaass an d‘Kolleegen trotz social distancing net ganz op der Stréck ze loosse boomen och ëmmer méi Apps déi dat soziaalt Matenee feieren. Bei der App "Houseparty", déi déi lescht Joren a Vergiessenheet geroden ass an elo e Comeback feiert gëtt genee dat grouss geschriwwen: FEIEREN. Hei kann ee mat enger Grupp vu Frënn net just videochatte mee wärenddeem och matenee Partyspiller wéi "Trivia", "Wer bin ich" oder "Activity" spillen.

Och "Beer with me" gëtt nees méi genotzt. Hei kann ee virtuell mat senge Frënn prosten an esou ass ee fir den Apéro ni eleng. Et geet awer och méi romantesch. Mat der App "NightSky" kënnt der den Himmel iwwert iech scannen, kritt ugewise wéi d’Stärebiller heeschen a kënnt äre Livestandort schécken. Esou kuckt der iech vu verschiddene Plazen dat selwecht Himmelsbild un.

3. Leier-Apps, Info-Apps & Co.

Am grousse Ganze sinn et grad déi sozial Apps, duerch déi ee mat senge Frënn op Distanz chatten, feieren, drénken oder spille kann, déi Erfolleg feieren. Ma och Leier-Apps, Corona-Hëllef-Applikatioune mat deenen een aner Leit ënnerstëtze kann a Sport-Apps gi vill erofgelueden.

D'Bravo-Archiv huet sech dann och eppes afale gelooss a verschenkt eng sëlleg Zeitungen aus de Joren 1956-1994 fir alleguerten d'Nostalgiker dobaussen.

Wien ëmmer informéiert wëll si luet sech an dësen Zäiten natierlech och déi passend News- an Info-Applikatiounen erof. D'Eldo-App kënnt dir iech zum Beispill gratis eroflueden a wann dir dann nach d'Push-Noriichten aschalt, wäert der och hei a Punkto Aktualitéit an Entertainment näischt méi verpassen.

Bei extremer Fall vu Langweil nach e klengen Tipp aus der Redaktioun: "Plopp". Dës App dréit net zu engem méi sozialen oder méi produktive Verhale bäi. Ma wann et haart op haart kënnt, wie ploppt net gäre Loftfoliepolster?!