Et gëtt sech reegelrecht op den Désinfectant gestierzt. Mee wat hëlleft méi, Seef oder Désinfectant?

Wann der grad keen Désinfectant doheem hutt, well en einfach ausverkaf war, da kënnt der äre Kapp a Rou leeën. Déi gutt al Seef, ass nach ëmmer dee beschte Schutz fir eis. Se hält eis net nëmme propper, an hëlleft eis gutt ze richen.

Nee, eis Seef kann nämlech dat, wat nach laang net all Désinfectant kann: Bakterien, Viren a souguer Parasiten dout maachen!

A ganz besonnesch géint de Coronavirus ass d'Seef déi méi zouverlässech Wiel. Well de Virus ass zimlech resistent. Wéilt een e just mat Désinfectant erliedegen, da bräicht een éischtens ee Mëttel mat engem immens héijen Wäert un Alkohol an da misst ee seng Hänn oder de Kierper och nach quasi dra bueden. Dat wäer awer definitiv net gutt!

Lauschtert hei eran!

Ma vill méi einfach ass et do effektiv mat der Seef. De Coronavirus deen eis aktuell esou vill Problemer mécht huet nämlech eng Fettschicht ronderëm sech. E bësse sou wéi och op eiser Haut ee klenge Fettfilm drop ass fir se ze schützen. Ma d'Seef mécht awer genee dëse futti. Mär kréien doduerch d'Hänn ganz rau. An de Virus: dee stierwt ouni seng Fettschicht ronderëm. Dofir: ëmmer schéi sech mat Seef wäschen. Da gitt der dem Virus och keng Chance!