Fir eng gewësse Routine net ze verléieren, soll ee sech beim Schaffe vun doheem aus genau esou kleede wéi een dat och um Büro géing maachen.

Home Office ass eppes géint dat sech iergendwéi, bis elo, nach ëmmer vill Patrone gewiert hunn. Ech soen allerdéngs ganz bewosst "bis elo", well mer momentan an enger Zäit sinn, an där een op den Home Office muss zeréckgräifen, ob engem dat elo gefält oder net.

Ënnert dem Stréch kann ee behaapten, dass d'Schaffe vun doheem aus méi positiv ewéi negativ Eegenschaften opweist. Ok, et kënnt een eventuell net esou dacks aus dem Haus an den direkte Kontakt mat den Aarbechtskolleegen ass manner. Ma mat der Technik vun haut kann een do allerdéngs eng Bréck bauen an zwar mat Hëllef vu Videokonferenzen.

Dat eenzegt op dat een am Télétravail muss oppassen, ass seng Routine net komplett ze verléieren. Et tendéiert een nämlech dozou esou ze schaffe wéi een och op der Kusch läit, am Jogging an net gekämmt. Genau do ass de sprangende Punkt. Och wann der vun doheem aus schafft, maacht dat esou wéi wann der op der Aarbecht um Büro géingt sëtzen a maacht iech och doheem esou fäerdeg wéi wannt der op de Büro géingt fueren. Stitt moies op, duscht, wäscht Zänn, dot iech un wéi op engem ganz normale Schaffdag, iesst eppes a sëtzt iech un äre Büro doheem.

Och Routinnen, déi der op der Aarbecht hat, kënnt der bäibehalen. Wann der zum Beispill gewinnt sidd, all Dag um 11 Auer e Kaffi ze drénken an eng kleng Paus ze maachen, dat maacht dat och doheem.

Fir dat Ganzt gëtt et op Instagram mëttlerweil och den Hashtag "stayhomestaychic". An deem Sënn wënschen ech da vill Spaass an Erfolleg an ärem Home Office.

Lauschtert eran