Händsche schütze virun Infektiounen, dat kléngt virop logesch. Ma et ass nëmme fir bestëmmte Fäll richteg. Hänn wäsche mécht awer vill méi Sënn.

De Moment bleift ee jo esou gutt et geet doheem. Ma op d'mannst fir eng Saach muss ee fréier oder spéider emol eraus – oder et léisst een en aneren et fir sech maachen, nämlech fir akafen ze goen. Iessen an drénke muss jo schliisslech jiddereen. Elo geet et jo drëms, fir d'Kontakter mat anere Leit esou gutt wéi méiglech ze evitéieren an dofir gesäit een ëmmer méi Leit, déi mat Händschen aus Plastik an de Supermarchéë ronderëm lafen. Ma ass dat fir e Client iwwerhaapt sënnvoll?

Och op Händschen a Produite kënne Vire sinn
Ech muss et zouginn, et ass effektiv komesch, wann een akafe geet an dobäi emol iwwerleet, wat een do alles esou upéckt. De Weenchen, d'Klenschen oder de Knäppche vum Lift, d'Produiten, den Touchscreen vun der Wo, de Kaartelieser asw.

Géif et do net Sënn maachen einfach Händschen unzedoen a scho wier ee gutt genuch geschützt? D'Äntwert ass kloer nee, ech ka mir jo och mat enger Händsch an d'Gesiicht fueren.
Dat heescht op der enger Säit kann een sech och mat Händschen nach ustiechen, wann een nach net infizéiert ass. Op der anerer Säit heescht et awer och dass een, wann een dann ouni et ze wëssen infizéiert ass, d'Viren och mat Händsche ka verdeelen. 

Hänn virum an nom Akaf wäschen
Fir d'Mataarbechter am Supermarché maachen Händschen awer Sënn, well si sech net permanent kënnen d'Hänn wäschen oder desinfizéieren, ma och hei gëllt et sech net mat den Händschen an d'Gesiicht ze fueren.

Wat elo d'Clienten ugeet, do ass et vill méi sënnvoll sech d'Hänn ze wäschen, wann een akafe geet, an dat direkt e puermol. D.h. eemol virum Akaf, eemol direkt duerno, villäicht esouguer wa méiglech am Supermarché, desinfizéiere geet awer och. Dann doheem, nach ier een d'Jackett ausdeet an dann nach emol nodeems een d'Akeef ageraumt huet.
An natierlech sollt een sech d'Hänn och ëmmer virum Kache wäschen, mä dat gëllt och wann een et net grad mat engem Virus ze dinn huet.

Aner Leit a Mataarbechter mat einfache Gestë schützen
Genee esou wichteg ass et sech wärend dem Akafen un d'Reegelen ze halen, also Distanz halen, an dat bannescht vum Aarm oder an en Nuesschnappech néitsen an houschten a viru allem d'Personal respektéieren an et net onnéidege Geforen aussetzen.

An um Enn nach emol: Wie krank ass soll doheem bleiwen a fir sech akafe loossen a wien net onbedéngt muss eraus, dee soll einfach doheem bleiwen.