Serien oder Filmer kucken, doheem botzen, dat ass jo alles schéin a gutt, mee geet op Dauer net duer fir sech ze beschäftegen.

Ee Cocktail erfannen

De Schaf mam Héichprozentege steet gutt voll doheem, an der drénkt gäre Cocktailer?  Ma wéi wär et mol sech an d'Konscht vum Cocktail mëschen ze verdéiwen, an z'experimentéieren? Wie keng Loscht huet duerno eng hänken ze hunn, kann jo och probéieren een net-alkoholesche Cocktail mixen. Inspiratioune fir béid Méiglechkeete fënnt ee genuch um Internet.

Eng friem Sprooch léieren

Spuenesch, Arabesch, Russesch, Chinesesch oder soss eng Sprooch huet Iech schonn eng länger Zäitche gereizt fir ze léieren? Dacks huet ee just net déi néideg Zäit fir sech eran ze schaffen a reegelméisseg ze üben. Déi Excuse gëllt elo natierlech net méi. Besonnesch, well een dofir mol net ee Schoulmeeschter brauch. Et ginn divers Apps, a Programmer, wou een alles léiert wat ee brauch.

Lauschtert hei eran!

After-Corona-Bucketlist

De Moment si mer effektiv limitéiert an de Plaze wou mer kënnen higoen. Och Persoune besiche goen ass net ganz einfach. A sécher denkt ee grad méi iwwert déi Saachen no, déi ee gäre géif maache, wann ee nëmme kéint. Ma wéi wär et domat sech eng kleng Bucketlist ze maache, mat Aktivitéiten déi een da wäert maachen, wann nees alles normal ass.

Meditatioun oder Yoga

Quasi am Minuttentakt komme Noriichte aus der ganzer Welt iwwert de Coronavirus. Et ass deels schwéier deem Ganzen z'entgoen. Dobäi ass et grad elo wichteg esou positiv an enstpaant wéi méiglech ze bleiwen. Wann ee selwer d'Tendenz huet nervös ze ginn, da kann een et mol mat Meditatioun oder mat Yoga probéieren. Dat hëlleft esou gutt wéi méiglech duerch d'Quarantäne ze kommen. Och do fënnt ee vill Videoen an Informatiounen um Internet.