Op sengem Erfolleg soll ee sech bekanntlech net ausrouen. Vill Museker sinn allerdengs no engem groussen Hit nees verschwonnen.

Los del Río – „Macarena“

Op kaum enger Party léisst sech „Macarena“ ofspillen, ouni dass d’Majoritéit vun de Leit ufänken ze danzen – an dat ganzer 27 Joer nodeems d’Lidd eraus komm ass. De spueneschen Duo Los del Río hat mat dësem Song ee weltwäiten Hit gelant,dono huet een ni méi eppes vum Duo héieren.

Duck Sauce – „Barbra Streisand“

Déi Zäiten, an deenen di amerikanesch Schauspillerin Barbra Streisand net als Persoun, mee a Form vun engem Lidd duerch d’Charts gewandert ass, si mëttlerweil 10 Joer hir . De Song gouf vun den 2 DJen Armand Van Helden an A-Trak ënnert dem Kënschtlernumm Duck Sauce verëffentlecht.

Lou Bega – „Mambo No. 5“

Den däitsche Museker Lou Bega huet sceh bei sengem Nummer 1 Hit “Mambo No. 5“ zum Deel un engem Song vum kubanesche Museker Dámaso Pérez Prado aus dem Joer 1950 inspiréiert. De Lou Bega huet säi Lidd 1999 op sengem Debütalbum eraus bruehct an hat domat säin éischten an och eenzegen Hit

Crazy Town – „Butterfly“

Hire gréissten an eenzegen Hit haten Crazy Town mat „Butterfly“.Si hu sech dobäi um deemools ugesoten Nu Metal-Sound inspiréiert- an huvum Titel „Butterfly“ ganzer 1,2 Milliounen Exemplaire verkaaf.

Fools Garden – „Lemon Tree“

Am Joer 1995 huet „Lemon Tree“di däitsch Band Fools Garden zum One-Hit-Wonder gemaach. Bannent  20 Minutte soll de Sänger de Song geschriwwen hunn, iwwerdeems hien op seng Frëndin gewaart huet.

Gotye – „Somebody That I Used To Know“

De belsch-australesche Museker Gotye hätt sécher nach deen een oder aneren Hit schreiwe kënnen, nodeemshien 2011 mat „Somebody That I Used To Know“ ee sensationelle Start higeluecht hat. Hien huet sceh awer fir fräiwëlleg géint ee Liewen als Star decidéiert. An domat blouf des Single déi eenzeg vun him, déi d’Charts gestiermt huet.