Duerch den Internet, eis Smartphones a Computeren si mer trotz der Coronakris nach ëmmer mat anere Leit a Kontakt. Dobäi muss een och emol alleng sinn.

Ganz vill Leit freeë sech grad, dass et iwwer Facebook, Skype, Houseparty an all déi aner Applikatioune méiglech ass mat Kollegen oder der Famill a Kontakt ze bleiwen. An dat ass och gutt esou. Mënsche si sozial Wiesen, déi nun emol net déi ganzen Zäit kënnen elleng sinn.

Lauschtert hei eran!

Mee, et ass och wichteg fir eis emol erofzekommen. An dat geet nun emol am Beschten elleng. Grad an esou enger ugespaanter Zäit wéi de Moment, muss ee sech och emol erblosen. Et gi vill Noriichten, déi heiansdo ganz ënnerscheedlech Saache behaapten, a virun allem ginn et Nouvellen déi Angscht maachen. Besonnesch wann een dann och nach dee ganzen Dag am Home Office schafft, an do voll gefuerdert gëtt, ass et gutt wann een och einfach emol eng Paus kritt.

Wann een dann awer all Owend mat anere Persounen telefonéiert, kritt ee keng Paus. Besonnesch wann een dann och nach all Kéiers ee Gruppe-Video huet. Des si gären nach eng Grëtz méi ustrengend, well halt jiddereen duerchernee schwätzt. Dofir muss ee sech dann definitiv net schlecht fille, wann een och einfach emol seet: Nee haut net. Wéi vill Zäit fir sech jidderee brauch ass ganz verschidden. Eng gëlle Regel gëtt et net, mee d'Bauchgefill ass do eng gutt Hëllef.