Duerch de Coronavirus huet sech eisen Alldag extrem geännert! Fir des haart Zäite gëtt et elo dee perfekte Quarantän-Soundtrack.

Stay away / Stay inside

De  Museker Urian Hackney huet op sengem YouTube-Kanal seng Versioun zum Nirvana-Song "Stay Away" erop gelueden. Bei him heescht d’Lidd awer  "Stay Inside!". Net just den Titel, mee och de ganze Text gouf vum Urian Hackney ëmgewandelt. Am selwer gefilmte Clip gesi mer hien u verschiddenen Instrumenter, hien botzt awer och mat gielen Gummishändsch equipéiert, d’Klensch vun enger Dier.

My Sharona / My Corona

De catchy Rocksong "My Sharona" vun The Knack handelt dovun, wéi de Sänger sech nees a seng Ex verléift huet. Haut allerdéngs si vill Leit manner op der Sich no hirer 2. Hallschent, mee villméi no engem grousse Stock un Toilettëpabeier. An esou huet de Sänger Chris Mann, bekannt aus der Tëleesserie "The Voice", eng Parodie zum Lidd eraus bruecht a krut scho wäit iwwer eng Millioun Views op YouTube.

Leave (Get Out) / Chill (Stay in)

D’Leit déi an den 90er grouss gi sinn, erënnere sech vläicht nach un d’JoJo an säin Break-Up-Song "Leave". Elo huet d’Jojo selwer den Text vum Lidd adaptéiert a presentéiert ënnert dem Titel "Chill (Stay In)".

Museker vu Lëtzebuerg

Och verschidde Lëtzebuerger Museker hu sech mam Thema beschäftegt. Sou huet di Lëtzebuerger Rockband Fade To Gray de Song "Stay Inside" geschriwwen, fir all déi Leit, déi an dëser schwéieren Zäit eleng doheem sinn oder mussen fir eis schaffen goen. Den DJ L.A. huet e Remix eraus bruecht, fir de Leit och doheem gutt Laun ze maachen.

Beautiful Faces

Da kann et och virkommen, dass ee ganz zoufälleg dee perfekten "Stay home" Song schreift. Wéi den Declan McKenna am Januar säi Lidd “Beautiful Faces” eraus bruecht huet, hätt hien ni geduecht, dass doraus ee perfekten Quarantäne-Song géing ginn. "Tonight I'm good staying inside/ But I'll be dancing for sure", séngt hien ënner anerem. Twitter-User hunn de Museker drop higewisen, wéi gutt säin an di aktuell Situatioun passt. De Museker huet mat engem Emoji geäntwert.