Home Office, Streaming, Zocken, an honnert aner Saachen: den Internet ass de Moment esou gefuerdert wéi nach ni. Dofir gëtt d'Videoqualitéit erofgefuer.

Dass den Internet de Moment op Héichtoure leeft dierft eigentlech net iwwerraschen. Et sinn nun emol vill méi Leit doheem wéi soss. An dës brauchen den Internet virun allem am Home Office, fir Serien a Filmer ze streamen, oder mat de Léifsten ze videochatten.

Lauschtert hei eran!

Dofir hate jo schonn Netflix, Amazon Prime an och YouTube ugekënnegt, dass d'Qualitéit op hire Siten an Europa géif gedrosselt ginn. Ma elo gouf och matgedeelt dass bei Instagram a Facebook d'Videoen an Zukunft net méi sou héich opgeléist wäerte sinn. Dat nämlecht gëllt fir de Streaming vun Apple. Ma souguer de Streamingdéngscht Disney+, haut an Europa lancéiert gouf, hat schonn ugekënnegt, d'Qualitéit unzepassen. Si hunn domat op eng Demande vum EU- Industriekommissär Thierry Breton reagéiert.

Mat enger manner héijer Qualitéit ass iwwregens HD gemengt. Dat heescht elo also net, dass alles ganz verpixelt ass!
Och wann et nach net zu enger Iwwerlaaschtung vum Internet komm ass, well ee léiwer elo schonn oppassen. Esou dass ka verhënnert ginn, dass den Internet d'Belaaschtung effektiv net méi géif packen. Dat hätt nämlech vill méi schlëmm Konsequenzen wéi just ee schlecht Bild op der Tëlee.