Et kann een och Sport maache wann een an den eegene véier Wänn muss bleiwen.

Eigentlech ass de Sport bei ville Leit feste Bestanddeel vum Liewen. En ass an de gewinnten Alldag agebonnen an et villt ee sech och richteg schlecht wann een da mol eng Kéier net kann trainéiere goen.

An der Zäit vum Covid-19 ass jo net méiglech op de gewinnten Training ze goen, sief dat Fussball, Handball, Basket, Tennis oder an de Fitness. Et muss ee sech also Alternativen iwwerleeën an do kënnt dann eise Smartphone an d’Spill. Do kann ee sech nämlech eng ganz rei Fitness Applikatiounen eroflueden.

E ganz bekannte Schauspiller aus Australien, deen ënnert anerem bekannt ass fir seng Roll als Thor, nämlech de de Chris Hemsworth huet, elo seng eege Fitness App gratis zur Verfügung gestallt.  Domat kënnen elo all déi Leit déi soss aktiv Sport gemaach hunn, dat och elo nach maachen.

D’App heescht Centr, kann ee sech gratis eroflueden an och 6 Woche gratis Trainéieren. Eng weider Applikatioun fir sech fit ze halen ass Jefit, Fitness Builder, Loox Fitness Planer an Nike Training Club.

Dir gesitt et ginn also tonne Méiglechkeete  fir sech kënne fit ze halen, och wann een net an de Fitness oder op de Fussballstraining ka goen. Et gëtt also keng Excuse méi fir kee Sport ze maachen. Elo läit et wuertwiertlech an ärer Hand.

Lauschtert eran