Nodeems lescht Woch d'Noriicht koum, dass den Eurovision Song Contest ofgesot ass, schéngt sech elo awer nach eppes ze doen!

Et ass bal eng Woch hier, dass een op der offizieller Säit vum Eurovision Song Contest liese konnt, dass de Concours wéinst dem Coronavirus misst ofgesot ginn. Sécher eng schwéier Decisioun, well den ESC all Joer vu bal 200 Millioune Persoune gekuckt gëtt.

Lauschtert hei eran!

Ma d'Organisateuren hunn elo eng gutt Noriicht fir d'Fans vum ESC: wéi et ausgesäit, gëtt en awer net ganz ofgesot.
Wéi ee per Twitter matgedeelt huet, wier een sech bewosst, dass grad elo d'Valeuren vum ESC nach méi wichteg wiere wéi virdrun. D'Feieren vun der Musek, a wéi ënnerscheedlech dës an den europäesche Länner ëmgesat gëtt, wier grad elo genee dat richteg fir d'Moral vun de Leit.

Wéi den ESC genee wäert ausgesinn ass nach net ganz kloer. Wat awer gewosst ass: et wäert keng Competitioun sinn tëscht deene verschiddene Länner. Et soll drëms goen deen Owend d'Musik ze feieren, eis Diversitéit, an dass mer trotzdem all zesumme kommen.

Wat awer scho sécher gewosst ass: d'Lidder déi fir dest Joer eragereecht goufen, wäerten net fir den ESC 2021 gülteg sinn.