Fir all déi, déi de Moment mussen doheem bleiwen huet den Educatiounsministère e puer Rotschléi, wéi een d'Situatioun ka meeschteren.

Déi momentan Situatioun verlaangt de Moment vun eis all esou wäit wéi méiglech doheem ze bleiwen an eis sozial Kontakter op d'mannst wat dat Physescht ugeet esou wäit wéi méiglech erofzefueren. Fir e Weekend wier dat jo nach kee Problem, elo sëtzen déi meescht awer schonn zanter enger Woch doheem an dat stellt natierlech de gewinnten Dagesoflaf op de Kapp. Ville schléit dat fréier oder spéider op d'Gemitt. Fir dass mir awer all duerchhalen ouni mëll ze ginn huet den Educatiounsministère elo eng Rëtsch Rotschléi publizéiert, wéi een déi deelweis Isolatioun am beschte kann iwwerstoen.

Struktur, Aufgaben a fix Ofschnëtter
Fänke mir mam Ufank vum Dag un. Wichteg ass, zu fixen Auerzäiten opzestoen an och schlofen ze goen, d.h. sengem Dag eng Grondstruktur ze ginn, esou wéi een et och gemaach huet, wéi een nach an d'Schoul oder op d'Aarbecht gaangen ass.
Iwwerhaapt ass Struktur wichteg, d.h. e Plang, wat een sech virgeholl huet fir deen Dag, d'Aufgabe kann een dann op déi verschidde Leit am Haushalt opdeelen.

Dat selwecht gëllt och fir d'Iessen. En uerdentlecht a virun allem fixt Mueresiessen, duerno schaffen oder Aufgabe maachen, also alles esou, wéi een et och aus dem normalen Alldag gewinnt war.

Pyjama aus, Alldagskleeder un
Dat heescht och sech mueres prett ze maachen, ze wäschen, sech uerdentlech unzedoen, ze schminken, ze stylen, op säi Kierper a seng Ernierung opzepassen an esou wäit ewéi erlaabt eraus ze goen a Sport ze maachen.

Wichteg ass et och seng Sënner weider ze beusprochen, dat geet vu Kachen iwwer Sport bis hin zu Musek lauschteren, liesen, raumen, Projeten ugoen, déi ee bis elo net wollt oder konnt ugoen an och schonn e bëssen an d'Zukunft plangen – iergendwann ass dës Kris jo schliisslech eriwwer.

Informatioune geziilt a richteg siche goen
Bei allem ass et awer och wichteg informéiert ze bleiwen an dat richteg. Dofir mécht et Sënn sech net permanent déi momentan dach meeschtens schlecht Noriichten unzelauschteren oder ze liesen.
Et sollt een sech am Beschten zweemol den Dag informéieren, net ze vill Zäit op de sozialen Netzwierker verbréngen an offiziell Noriichten deenen aus dubiose Quellen oder esouguer Falschnoriichte virzéien.

Kontakter fleegen an op sech an anerer oppassen
Weider sollt een drop oppassen, physesch Distanz zu aneren ze halen, dobäi awer seng sozial Kontakter ze fleegen, aneren ze hëllefen, hinnen nozelauschteren, sech awer och sengem eegenen Zoustand bewosst sinn a wann néideg selwer Hëllef ze froen.