Heiansdo ass en Ëmdenke guer net esou verkéiert...

De Coronavirus ass e seriöt Thema, eng Pandemie, déi sech kee gewënscht hätt an déi fir vill Leit negativ Konsequenze mat sech zitt. Ma och hei kann ee positiv Verännerunge bei sech selwer oder an der Gesellschaft feststellen. A villäicht sollte mer eis iwwerleeën no der Kris net einfach genee do weiderzemaache wou mer opgehalen hunn, mee eist Verhale laangfristeg änneren. Hei ass dann net nëmme riets vun enger grëndlecher Hygiène oder sech net permanent mat den Hänn an d’Gesiicht ze fueren, mee och vu Gewunnechten, déi mir eis wärend dëser Kris oftrainéiert hunn an et eis deels mol net bewosst war wéi gutt dat deet.

1. Kee "FOMO" méi

D’Ofkierzung steet fir „fear of missing out” also d’Angscht eppes ze verpassen, a genee déi ass duerch déi aktuell Situatioun manner ginn. Am normale Liewen dréif et een dacks vun Event zu Event, et geet een nach mat op d’After-party obwuel een eigentlech a säi Bett wëll an et stresst ee sech selwer well ee mengt alles mussen ze hunn an ze maache wat di aner och esou stiichten. Et kéint ee jo eppes verpassen. Mécht een awer an 90% vun de Fäll net an esou weist eis déi aktuell Zäit, dass et och mol gutt deet ze entschleunegen, sech mat sech selwer ze beschäftegen an op säi Kierper ze lauschteren. Iwwerleet iech an der heiten Zäit einfach mol wou der wierklech Loscht drop hutt a wien der wëllt gesinn an iwwerfuerdert iech net komplett wann d’Zäite vu sozialer Distanz nees eriwwer sinn.

2. Eng gesond Distanz

Och bei Punkt 2 geet et ëm déi sozial Distanz, wuertwiertlech ëm d’Distanz. Ass et net schéin, dass an der Schlaang keen iech an d’Genéck otemt, wann der an de Bus klammt kee sech wëll dertëscht drécken oder e Frieme mengt e misst iech ze no kommen. Firwat loosse mer et net einfach esou entspaant? Ok, 2 Meter mussen net si mee mat Onbekannten op Kuschel-Cours goen dorop hunn och déi wéinegst Bock. Also einfach mol en normalen a respektvollen Ëmgang matenee fannen.

3. Solidaritéit

Géint eng gesond Portioun Egoismus seet jo keen eppes, wien net raus geet well e sech an éischter Linn net selwer ustieche wëll mécht an dësem Fall jo eppes Guddes fir d’Allgemengheet. Den Egoismus soll awer do ophale wou et anere Leit schuede kéint. Duerch de Coronavirus léiere mer zesummen ze halen, openeen opzepassen a méi Récksiicht ze huelen. Ma firwat brauche mer eng Pandemie fir solidaresch ze sinn? Och wann dat heite riwwer ass kënne mir zesummen halen an d'Bomi vun niewendru mol froen ob een hir mat irgendeppes hëllefe kéint.

4. Ignoranz ass keng Tugend

Saachen ze hannerfroen an net ëmmer mat der Mass ze schwammen, dat ass gutt. Ma et gi Leit, déi aus Prinzip géint alles sinn, déi sech net beléiere loossen oder déi sech net u Reegelen hale einfach well se et kënnen. Momentan si Mesuren anhalen awer wichteg a mir gesinn, heiansdo muss ee sech a seng Meenung op déi 2. Plaz setzen an ok domat sinn, dass aner Leit et gutt mat eis mengen an et einfach besser wëssen. E bëssen Asiicht, sech an aner Leit eraversetzen a seng eege Prinzippien hannerfroen, dat huet nach kengem geschuet.

5. Kee Beruff ass méi oder manner wäert!

Zu gudder Lescht, an ee vun de wichtegste Punkten, déi mer eis och no der aktueller Situatioun sollten zu Häerzen huelen ass wéi wichteg mir alleguer sinn. Mënschen a Beruffer ginn dacks a Kategorie gestach a bewäert, sief et vun eis selwer oder duerch de Salaire. Dacks gëtt op Leit, déi fir hir Sue botze ginn, déi an engem Supermarché schaffen, déi Camionschauffer sinn oder am Beräich vun der Fleeg schaffen, erofgekuckt. Ma et si genee, déi Leit, op déi mir momentan net verzichte kéinten an déi eise vollste Respekt verdéngt hunn, net just elo mee och wa sech nees alles normaliséiert huet.

Solle mer eis net einfach drop eenegen: Solidaritéit, Respekt, Entschleunegung a gesonde Mënscheverstand, dat si Saachen, déi mer egal a wéi enger Kris mer eis grad befanne roueg ëmmer bäibehale kënnen.