Duerch de Coronavirus huet sech bal alles geännert. Och fir d'Entreprisen. An do gëtt sech elo ëmgestallt, fir d'Kris z'iwwerliewen.

Et ass eng schwéier Zäit aktuell fir eng ganz Partie Entreprisen. An dat an esou zimlech alle Secteuren de Fall. Fir des Zäit z'iwwerstoen sinn dann och eng ganz Partie Firmen kreativ ginn.

Esou zum Beispill de Kleeder-Produzent Zara. Amplaz vu Kleeder fir moudebewosst Persounen, gëtt elo eppes anescht vun der spuenescher Kleedermark produzéiert. An zwar Masken a Spidolsgezei.

Direkt eng ganz Partie Entreprisen hunn elo ugefaang sech op een anere Produit ze spezialiséieren, deen och immens gefrot ass. Den Désinfectant. Besonnesch fir d'Spideeler ass et do wichteg es genuch ze hunn. Deen Désinfectant muss dann natierlech engem héije medezinnesche Standard entspriechen. Esou sinn zum Beispill eng ganz Partie Alkoholsproduzenten déi ëmgeklomme sinn, oder och de Kosmetikhiersteller Nivea. Och zu Lëtzebuerg huet déi gréisste Brennerei vum Land elo ugefaang Désinfectant fir d'Spideeler hierzestellen.

Lauschtert hei eran!

Nach eng aner Grupp vun Entreprisen hu versprach, dass se nieft Know-How an Technologie och hiert Personal an hir Lagerhalen zur Verfügung stellen. Do sinn zum Beispill Entreprisë wéi McLaren, Nissan, Dyson, oder Airbus dobäi.