Mir bleiwen doheem a mir molen!

Egal ob een elo ee Kand oder een Erwuessenen ass, jidderengem fält et grad schwéier, d'Haus méiglechst net ze verloossen. Dat ass net ëmmer einfach, mee dat muss awer sinn, fir dass mer all gesond bleiwen!

Fir d'Kanner lancéiert Eldoradio elo d'REEBOU-AKTIOUN.

Eng Aktioun déi och an eisen Nopeschlänner aktuell leeft.

De Gedanke bei der Aktioun ass, dass méiglechst vill Kanner ee Reebou mat Faarwen ausmolen, an dann an d'Fënster hänken. Um Bild steet "Mir bleiwen doheem".

Wann d'Kanner dann dobausse mat hiren Eltere spadséiere ginn a vill aner Reebéi an de Fënstere gesinn, mierke si dann dass och vill aner Kanner doheem musse bleiwen. Si sinn net eleng!

Luet eis Reebou-Schabloun erof, moolt se aus an hänkt se an d'Fënster.

Maacht eis eng Foto dovunner a schéckt eis se via d'Eldoradio-Facebooksäit oder via WhatsApp (691 947 577)!

#ZesummeGéintCorona

#BleiftMamEldoDoheem