Am Ufank kritt ee sech net gebremst a spéider brauch een déi Zäertlechkeeten net méi grad esou dacks! Oder?

Et ass e bleift déi schéinsten Niewesaach op eisem Planéit, nämlech Sex. Am normalen huet een ders als Single manner wéi wann een an enger Bezéiung ass. Hei gëtt elo ganz bewosst den Ausdrock "am normalen" benotzt, well et do sécher Kandidate gi bei deenen dat net stëmmt.

Wann ee frësch mat engem zesummen ass, da kribbelt et vu Kapp bis Fouss an et fält ee bei all Geleeënheet iwwerteneen hier. Bei verschidde Koppele bleift dat Kribbelen, ma bei anere réckelt de Sex no e puer Joer Bezéiung dann awer an den Hannergrond.

Wëssenschaftler aus Kanada wollte wëssen, wéi dacks Koppelen, déi scho méi laang mat hirem Partner zesumme sinn, eigentlech nach Sex hunn? Dofir hu se d’Koppele befrot an d’Resultat ass relativ erschreckend.

Déi meescht hunn nämlech uginn, dass hinnen 1 mol Sex an der Woch fëllegen duer geet. Op d’Nofro hin wisou dat esou wier, hu se geäntwert, dass se sech a Punkto Sex net ënner Drock wëlle setzen a 4-5 mol am Mount wier hei eng realistesch Zuel.

Dat kann een allerdéngs elo net verallgemengeren, well et gi sécher Koppelen, déi no 10 Joer Bezéiung, nach ëmmer esou verréckt noenee sinn, wéi am éischte Joer. A grad elo a Corona-Zäiten huet ee vill Zäit an et hänkt ee vill openeen, sou dass et sécher net bei ee mol an der Woch wäert bleiwen.

Lauschtert eran