E Sonndeg gëtt d’Zäit ëmgestallt Um zwou Auer mussen d’Aueren op 3 virgestallt ginn. Mee firwat gëtt et d’Zäitëmstellung iwwerhaapt nach?

Lescht Zäitëmstellung 2021?

De Wiessel tëscht Summer- a Wanterzäit suergt scho laang fir Kritik. 2018 hat d’EU-Kommissioun schliisslech a ganz Europa eng Online-Ëmfro iwwert d’Zäitëmstellung gestart. D’Resonanz war enorm. 4,6 Millioune Mënschen hu matgemaach. 84 Prozent vun dëse Leit hu gefuerdert, dass d’Zäitëmstellung ofgeschaaft gëtt.

Enn vun der Zäitëmstellung sollt schonn 2019 kommen

D’EU-Kommissioun huet reagéiert a proposéiert, d’Zäitëmstellung schonn 2019 ofzeschafen.  Mee di zoustänneg EU-Transportminister hu sech géint deen éiergäizegen Zäitplang vun der EU-Kommissioun gewiert. Fréistens 2021 sollt et sou wäit sinn, sote si. Bedenken hate si ënner anerem wéinst der néideger Ëmgestaltung vum internationalen Zuch- a Fluchtrafic.

Well all Land och selwer decidéiere sollt, a wéi enger Zäitzone een dauerhaft bleiwe wëllt, hätt et zu vill verschiddenen Zäitzonen bannt der EU kënne féieren.

Verschidde Länner si géint d’Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Am Laf vun den Debatten huet sech och eraus kristalliséiert, dass verschidden EU-Staaten, wéi zum Beispill Portugal, géint en Enn vun der Zäitëmstellung sinn.

Aus Diplomatekreesser heescht et weider, dass een och net dru geduecht hätt, dass et mam Enn vun der Zäitëmstellung méi Zäitzonen an der EU kéint ginn. Eng grouss gemeinsam Zäitzone vu Spuenien bis Polen wier de Moment nämlech just méiglech, well di negativ Effekter duerch de Wiessel tëscht Summer- a Wanterzäit ofgefiedert géif. Ofgesi vu verschiddenen Iwwerséigebidder gëtt et an der EU aktuell 3 Zäitzonen.

Fazit

D’Zäitëmstellung soll an den A vu villen Europäer ofgeschaaft ginn. Och d’Europaparlament huet sech dofir ausgeschwat. D’Decisioun, op dono d’Summer- oder d’Wanterzäit gëllt, sollen d’Memberstaaten kënnen huelen. Dofir mussen si sech awer mol op eng gemeinsam Linn eenegen.