Dat huet elo eng Laangzäitstudie vun der Universitéit zu Ulm erausfonnt!

Wa mer méi al ginn, fänkt och eise Kapp no an no un ofzebauen. Natierlech kann een dogéint eppes maachen. Wann ee säi Gehier reegelméisseg fërdert, bleift et och am Alter nach fit.

An d'Universitéit Ulm huet zesumme mam Ravensburger Spieleverlag ënnersicht, wéi an ob puzzelen ee positiven Afloss huet. Dofir goufen 100 Erwuesse Persoune begleed, déi och keng kognitiiv Problemer haten. An dat iwwert een Zäitraum vu ganzer 50 Joer.

Lauschtert hei eran!

Dobäi hunn d'Fuerscher festgestallt, dass et definitiv gutt fir eis, an eist Gehier ass, wann een ëmmer nees ee Puzzle mécht. Besonnesch wann ee méi al gëtt.  Duerch ee Puzzle, an och soss all Form vun Training fir d'Gehier, gëtt den Ofbau vun dësem noweislech gebremst.

A firwat ass dat beim puzzelen esou? Ma dat géif dodru leien, dass een dobäi déi zwou Gehiersäiten notzt. Déi lénks Säit gëtt gefuerdert, wann een d'Stécker sortéiert. Do musse mer nämlech logesch iwwerleeën. Wann et dann un d'Zesummeleeë vun de Puzzlestécker geet, gëtt eis riets Gehierhallschent gefuerdert, wou eis Kreativitéit setzt.

Wann de Puzzle fäerdeg ass, ass dat duerch d'Zesummespill vun deenen zwou Säiten an eisem Gehier geschitt. Dat verstäerkt d'Bindung tëscht deenen zwou Hällschenten, a fërdert och eis Konzentrationsfähegkeet. Donieft verbessert puzzelen eis Virstellungskraaft, et hieft Laun wéinst dem Gefill vun Erfolleg wann ee fäerdge ass, an et berouegt eis.