Am Home Office ass de Service-Desk dacks net erreechbar. Mat engem einfachen Tool kann ee säi PC, Laptop oder Smartphone awer relativ einfach schützen.

Duerch de Coronavirus schaffe vill Leit aktuell am Home Office. Hei muss een dann op e puer Saachen oppassen. De PC, dee soss ëmmer fir ze surfe benotzt ginn ass, gëtt elo zum Schaff-PC ëmfunktionéiert. Dacks och mat spezielle Programmer, déi vertraulech Date stockéieren oder verschaffen.

Et sollt een also onbedéngt en Antivirus installéieren. Och sollt een op kee Fall al USB-Sticke benotzen, déi ee virun 10 Joer iergendwou agestach huet. Am beschten ëmmer neier bestellen. Am Home-Office ass een dacks an engem manner gutt gesécherte Netzwierk ënnerwee wéi op der normaler Aarbechtsplaz. Also och net einfach de Smartphone un de PC uschléissen. Jee no Astellung um Handy kann en Trojaner um PC ganz einfach op är Daten zougräifen.

Hei sollt een op en sougenannten "USB-Kondom" zréckgräifen. Et ass souzesoen en Tëschestéck tëscht USB-Kabel a PC-Uschloss, deen d’Dateverbindung ënnerbrécht. Just de Stroum gëtt duerchgelooss.

Praktesch och fir déi Zäit nom Coronavirus, well egal ob am Zuch, um Flughafen, am Hotel oder am Café, esoubal iergendwou en Uschloss ass, gëtt den Handy drugehaangen. Ass den Uschloss allerdéngs manipuléiert, freet sech den Hacker hannert dem Computer. Also nieft dem Kabel och ëmmer den Adapter an der Täsch hunn. Dëse kritt ee scho vu 7 Euro un ze kafen.

Eng aner, nach méi sécher Alternativ ass d'Powerbank. Einfach un de Smartphone uschléissen a sech keng Gedanke méi iwwer seng Date musse maachen.