Wien en 3D-Drucker huet kann elo ganz einfach hëllefen, fir Schutzmaske fir Leit, déi enger Infektioun mam Coronavirus ausgesat sinn, hierzestellen.

Et gi jo eng ganz Rëtsch Initiativen, fir deen een oder aneren uechter d'Land an dëser Krisenzäit ze ënnerstëtzen. Vu Leit, déi fir anerer akafe ginn, mam Hond erausginn, Schutzfënsteren aus Plexiglas fir d'Leit an de Keesen oder an den Apdikten hierstellen bis hin zu de sëllege Liwwerservicer. Ma grad an deene Beruffer an deenen d'Mataarbechter vill Kontakt mat anere Leit hunn, z.B. am Fleege- oder Gesondheetssecteur feelt et un deem néidege Material, allem virop dem Schutz vum Gesiicht. Dofir hu schonn e puer Entreprisen awer och Privatpersounen ugefaangen där Produite selwer hierzestellen. An eng Initiativ setzt dobäi op déi Leit, déi 3D-Drocker hunn

Et geet kuerz gesot dorëms, fir Maske mat Hëllef vun engem 3D-Drucker hierzestellen. Sënn an Zweck vun der Initiativ, déi et am Ausland scho méi laang gëtt, ass et, fir e Bigel mam eegenen Drucker hierzestellen an deen duerno Plastiksfolien mat Standardgréisste kënnen agespaant ginn, fir domat dat ganzt Gesiicht komplett ofzedecken. Eng Facebook-Grupp zu Lëtzebuerg huet dëst elo opgegraff, fir d'Masken och hei am Land hierzestellen erkläert ee vun den Initiateuren, de Jeff Schockmel.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Et wëllt een natierlech näischt froen, et wëll ee solidaresch sinn.  An d'Nofro ass grouss, esou de Jeff Schockmel. Den CHL z.B. hätt schonn eng 500 där Masken ugefrot.

Wichteg ass, déi zwee Modeller hierzestellen, déi Cliniquen och brauchen, dat gëtt een dann an der Facebook-Grupp gewuer.

Och d'Clinique Robert Schumann hätt Interessi gewisen, wéilt d'Masken awer fir d'éischt testen. Eng 125 Leit hätte schonn uginn, dass se am Gaange sinn Masken hierzestellen. An da géife verschidde Lycéeën, déi 3D-Drucker an hire Makerspacen hunn och schonn hëllefen. Ma well een de Moment géif iwwerrannt ginn, hunn déi Responsabel betount, dass sech nëmmen déi Leit sollen an d'Grupp mellen, déi och konkret kéinten hëllefen.