E labbert Gespréich, en oppent Ouer fir déi Leit, deenen d'Isolatioun besonnesch ze schafe mécht. Dat ass d'Iddi hannert dem Schnëss-Telefon.

Mir schwätze wéinst der Corona-Kris natierlech vill iwwert d'Doheem-Sinn, d'Liewen an Isolatioun a wéi déi decidéiert Mesuren eisen Alldag veränneren. De Leit, deenen et méiglech ass doheem ze sinn a vun do aus ze schaffen, verbréngen entweder vill Zäit mat der Famill oder sinn eleng. Net jiddereen huet ee fir ze schwätzen a sech austauschen. De Lëtzebuerger Daniel Rinck wëll deem entgéint wierken an huet de Schnëss-Telefon op d'Been gestallt, eist Sarah hat hien am Interview.

Lauschtert eran!

E labbert Gespréich, en oppent Ouer fir déi Leit, deenen d'Isolatioun besonnesch ze schafe mécht. Den Daniel Rinck vun Dikrech wëll genee dat mat senger Initiativ, dem Schnëss-Telefon, bewierken. D'Iddi ass ëm mat senger Duerschter komm, wéi si d'Pressekonferenz vun der Familljeministesch gesinn hunn: Vill Leit géifen elo doheem sinn, ouni Famill, sech eleng fillen an hätte keen, mat deem si sech austausche kënnen. Am schlëmmste Fall kënnt et zur Depressioun.

Et ass ee keng Berodungsplaz. Déi 7 Leit, déi hei matwierken si weder Psychologen nach Psychiater. Et geet drëms, datt ee mat anere schwätze kann, vu sengem Dag erzielen, ma awer och iwwer Problemer a Bedenke schwätzen a seng Gefiller net ënnerdréckt. Grad elo ass dat besonnesch wichteg. Et wëll een de Leit eppes Positives ginn an hiren Alldag esou vereinfachen.

Déi 7 Leit, deenen ee kann uruffen, kommen aus dem ganze Land, schwätze vill verschidde Sproochen an aus bal all Alterskategorie ass ee vertrueden. Esou wëll een eng grouss Bandbreet vu Leit uschwätzen an datt jiddereen dee passende Gespréichspartner fënnt. Den Daniel Rink huet besonnesch betount, datt et sech ëm eng Hotline fir ze schwätzen handelt, an ëm näischt aneres.

Hei déi verschidden Telefonsnummeren:

  • D'Nadine, 53 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, Tel: 691110666.
  • D'Jenny, 20 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch an och Englesch, Tel: 621234222.
  • D'Adèle, 56 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesches, Italienesch an Englesch Tel: 621157322.
  • D'Pepy, 73 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, Tel: 691 628 837 vun 11 Auer bis 15 Auer.
  • Den Daniel, 57 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Tel:621209049.
  • De Marco, 62 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Tel: 621 677 493.
  • D'Zejenepa 21 Joer, schwätzt am léifsten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Serbesch-Kroatesch Tel: 691725959.

D'Hëllef gëtt op fräiwëlleger Basis ugebueden an Telefonsnummere sinn ëffentlech – deemno sollen dës net fir aner Zwecker mëssbraucht ginn. Déi involvéiert Leit si praktesch ëmmer ze erreechen, ma et soll een natierlech net matten an der Nuecht oder owes spéit uruffen. Et erhofft ee sech, datt een de Leit déi negativ Gedanken huele kann oder einfach fir anerer do ze sinn, déi en oppent Ouer brauchen.