Et liest ee vill schockéierendes a schlëmmes ronderëm de Coronavirus. Mee net alles ass schlecht. Hei mol 3 aner Noriichten.

Lauschtert hei eran!

Fänke mer u mam Engel vum "Fuldaer Haus". Vill gastronomesch Betriber an och Caféen maache sech Suergen ëm hir Existenz. Gottseidank ass beim "Fuldaer Haus" eng Persoun opgetaucht, déi de Besetzer an och dem Personal vill Suerge konnt huelen. Eng Fra hat am Fernseh ee Beitrag iwwert de Restaurant gesinn a wollt hëllefen. Dofir huet si kuerzerhand ugeruff am "Fuldaer Haus" a fir 2023 reservéiert, wa se hire Gebuertsdag géif feieren. De Clou: d'Fra huet einfach 5'000 Euro un de Restaurant iwwerwisen, fir hinnen esou ze hëllefen. Bei der Ekipp vum Restaurant sinn dorop Tréine geflass, vu Freed.

Vum 4. Stack aus bestued ginn? Dat huet eng Koppel zu New York gemaach. De Reilly Jennings a seng Fra d'Amanda Wheeler, sollte sech eigentlech am Oktober bestueden. Wéi dunn awer duerch de Coronavirus alles zougemaach gouf, huet d'Koppel gefaart, dass d'Amanda keen Job a virun allem keng Krankekees méi hätt. Doropshin hu si spontan decidéiert sech ze bestueden. Well alleguer d'Etat civilen awer zougemaach goufen, huet dunn ee Kolleg sech gemellt, dass hien eng Lizenz hätt fir offiziell si zu Mann a Fra ze maachen. Hochzäit an Zäiten vu Social Distancing halt.

Dann zum Schluss: de Moment ass wuel deene mannsten hir Suerg, dass se vill Pfand-Fläschen doheem stoen hunn. Ma wann een awer ee Gedrénks-Shop huet, mécht engem dat scho Suergen, wann ee keng eidel Fläschen zeréck kritt. Fir d'Leit dann awer dozou z'animéieren des zeréck ze bréngen, huet de Stuttgarter Hans-Peter Kastner een Deal firgeschloen: pro Këscht mat eidele Fläschen, gëtt et nieft dem Pfand nach gratis ee Rouleau Toilettepabeier.