Dag fir Dag ginn et nei Informatioune ronderëm déi aktuell Situatioun. Do ass et schwéier den Ënnerscheed ze maachen tëscht Fakt a radikaler Meenung.

Lauschtert eran!

Den Term "Fake News" ass jidderengem e Begrëff an zemools a Krisenzäiten heefe sech esou falsch Meldungen op de sozialen Netzwierker. Fir deem preventiv entgéint ze wierken huet respect.lu, de Lëtzebuerger Zenter géint d'Radikaliséierung, zur Virsiicht opgeruff. Et soll een net alles gleewen, wat ee sou an de sozialen Netzwierker liest, esou d'Karin Weyer.

Bis ewell sinn dem Zenter esou radikal Fäll zu Lëtzebuerg nach net gemellt ginn, ma et wéisst een, datt verschidde Leit grad esou Krisen notzen a just dorobber waarden, fir dann entspriechend Informatiounen ze verbreeden. Et muss ee kritesch bleiwen an op déi Medien - fiabel Noriichtenagencen an Online-Sitten - zeréckgräifen, déi sech weider un d'Fakten halen.

View this post on Instagram

For all of us! #respect#solidarity

A post shared by respect.lu (@respect.lu) on

D'Karin Weyer huet och ënnerstrach, datt, wann een eng Persoun kennt, déi sech an eppes verrennt a wuel selwer net méi Fakt a radikal Meenung auserneen hale kann, dës net eleng ze loossen - och wann et schwéier ass Versteesdemech op ze bréngen. A Punkto Verschwierungstheorien a falsch Meldungen ass a bleift Solidaritéit immens wichteg.

Mir all si méi wéi soss online an et ass wichteg sech z'informéieren an um neiste Stand ze bleiwen. Et dierf een awer net vergiessen, mol eng Paus ze maachen, ofzeschalten a sech déi positiv Saache virun Aen ze féieren. Et ass eng schwéier Zäit, an där mir eis grad befannen, ma lenkt ee säi Mindset op déi schéi Saachen am Liewen, kënnt ee vill besser doduerch.

Zenter steet och fir Berodungen zur Verfügung

Ass ee sech selwer net méi sécher, wat wouer a wat falsch ass, kann ee sech bei respect.lu mellen, dat via Telefon oder Email. D'Ekipp steet engem zu de gewinnte Büroszäite weider zur Verfügung.

  • Telefon: +352 20 60 62 
  • Email: respect@respect.lu