Duerch déi aktuell Situatioun, hu verschidde Leit béis ze kämpfen. Ma et ginn e puer Tipps déi hëllefen, sech weider gutt ze spieren.

Déi Onsécherheet déi et elo bei ville Leit duerch déi ganz Situatioun ronderëm de Coronavirus gëtt, schléit och gären op d'Gemitt an op d'Gesondheet.
Do ginn et awer glécklecherweis e puer Saachen déi ee ka maachen, fir sech nees besser ze spieren.

Eemol mat dem richtegen Elan an den Dag starten. Dat ass natierlech méi einfach gesot wéi gemaach. Mee mat enger positiver Attitüd opstoen ass gutt fir eis. Och wann der mueres duscht: bäisst op Zänn an dréint de Krunn och emol vu waarm op kal. Dat ass nämlech och gutt fir de Kreeslaf am Schwong ze halen. Donieft soll een och roueg Otemübungen un der oppener Fenster maachen. Déi Extra-Portioun Sauerstoff wäert sech bemierkbar maachen.

Lauschtert hei eran!

Dann ass et och wichteg all Dag an d'Sonn ze goen. An engem Appartement ass dat natierlech méi schwéier, mee am Noutfall, stellt iech einfach bei déi oppe Fënster. D'Dagesluucht hëlleft eemol eis un déi nei Joreszäit ze gewinnen. An dann ass natierlech nach den Opbau vu Vitaminn D wichteg. Doduerch stäerkt der äert Immunsystem nohalteg. All Dag eng hallew Stonn Sonn, wou mindestens d'Gesiicht an d'Äerm an d'Bee fräi sinn, soll een do aplangen fir d'Wäerter erop ze kréien.

Zum Schluss: eng gesond a reegelméisseg Ernärung sinn natierlech wichteg. Mee bal nach méi wichteg ass et eppes géint d'Elleng-sinn ze maachen. Wann der effektiv déi eenzeg Persoun an ärem Stot sidd, oder musst isoléiert bleiwen, hëlleft et den Telefon an de Grapp ze huelen an ze schwätzen. Oder iwwert Videochat mat aneren ze kommunizéieren. Den Austausch mat anere Persoun ass mat dat beschte Mëttel wann ee mol net esou gutt drop ass.