D'Fuerschung fir e Wierkstoff géint de Coronavirus leeft op Héichtouren. An och Lëtzebuerg ass un engem groussen Test bedeelegt.

Nach hu mir de Coronavirus net am Grëff, alles wat een de Moment ka maachen, ass seng Ausbreedung ofzebremsen. Eng richteg Method fir géint de Virus unzekämpfen, wéi eng Impfung oder e Medikament gëtt et nach net wierklech, och wann et schonn eng Rëtsch Kandidate ginn. An och an Europa gëtt gefuerscht, un engem groussen Test ass och Lëtzebuerg bedeelegt.

4 verschidde Medikamenter si villverspriechend
De klineschen Test mam Numm Discovery huet de Sonndeg ugefaangen. Am Kär geet et drëms, fir verschidde Medikamenter oder Wierkstoffer, deels och a Kombinatioun op hier Wierksamkeet géint de Coronavirus hin ze testen.

De Moment huelen nieft Lëtzebuerg och Frankräich, d'Belsch, Holland, Groussbritannien, Däitschland a Spuenien dorun Deel, anerer kéinten nach nokommen, esou dat nationaalt Gesondheetsinstitut a Frankräich. 3'200 Patienten aus den EU-Länner solle getest ginn, dofir mussen se awer d'Symptomer opweisen an an der Clinique leien.

Medikamenter géint HIV an Ebola
Dat éischt Medikament zirkuléiert schonn zanter méi laangem als méigleche Kandidat, nämlech Remdesivir. Dat gouf u sech géint Ebola entwéckelt, et ass awer kapabel fir ze ënnerbannen, dass de Coronavirus sech ausbreet – op d'mannst an Tester am Laboratoire.

Déi zweet Hoffnung ass eng Kombinatioun vu Lopinavir a Ritonavir. Dës kënne géint Aids agesat ginn an och hei gëtt d'Reproduktioun vum Virus blockéiert. Wéi et vun deene Responsabele vun Discovery géintiwwer der AFP heescht, wier dës Kombinatioun och schonn a China benotzt ginn. Ma d'Medikamenter wieren dacks ze spéit am Krankheetsverlaf geholl ginn an dat kéint de Grond fir moderat Resultater sinn.

Virus a Longenentzündung bremsen
Déi selwecht Kombinatioun gëtt dann och nach zesumme mam Wierkstoff Interferon-beta, deen entzündungshemmend wierkt, getest. Domat kéint de Virus an direkt och seng Auswierkung op d'Longe besäitegt ginn. Dat leschte Medikament ass eent, dat mam Chloroquin, engem Wierkstoff géint Malaria, Ähnlechkeeten huet awer de komplizéierten Numm Hydroxychloroquin dréit a manner Niewewierkungen huet. Chloroquin ass dat Mëttel, op dat och den US-President als Wonnerwaff géint de Virus schwiert.

Nei Medikamenter kënne mat abezu ginn
Déi Responsabel betounen och de variabele Charakter vum Testprogramm. Wann e Medikament sech sollt als net hëllefräich erausstellen, da géif een et direkt verwerfen. Sollt sech an der Tëschenzäit awer en anere Wierkstoff als villverspriechend erausstellen, da kéint een e relativ séier mat an d'Tester ophuelen.