Dir musst eng wichteg E-Mail un de Chef schreiwen an är Tastatur hänkt? Amplaz verzweiwelt a rosen op d'Tasten ze hummeren, probéiert et mol mat Botzen!

De Problem vun enger knaschteger oder fetteger Tastatur kenne Gamer a Binge Watcher scho laang. An Zäiten vun Home-Office betrëfft dësen awer mëttlerweil e Groussdeel vun de Leit.

Beim PC drénken a snacken ass am Allgemengen keng gutt Iddi. Séier ass eng Grimmel vun der Chips net just um Pullover, ma och op der Tastatur. Desto méi Dreck sech hei usammelt, desto schlëmmer gëtt et. Iergendwann kann et esouguer esouwäit kommen, dass e Knäppche guer net méi reagéiert. Ma keng Angscht, dir musst net direkt eng nei Tastatur kafen. Se selwer botzen ass méi einfach wéi ee mengt.

Als éischt Etapp einfach d’Tastatur ëmdréinen an eng Kéier gutt rëselen. Vun hanne liicht drop klappen an de Gros vum Dréck kënnt vu ganz eleng raus.

D’Taste sinn dann och relativ dacks ofgenotzt, virun allem bei Gamer. Esou eekleg wéi et kléngt, dacks ass dat einfach just eng Kusch Fett vu schweessegen Hänn. Ma keng Panik, einfach en Duch oder Kichepabeier huelen a mat Produit eriwwerfueren. Hei kann ee och eng al Zännbiischt benotze fir den Dréck ze léissen. Ma Oppassen, op kee Fall ze fest drécken.

Als lescht Etapp, falls néideg, einfach d’Tastatur auserneenhuelen. Do fënnt een och vill Tutorials um Internet. Mat engem Pinsel oder Bic déi eenzel Tasten eraushuelen an mat Waasser botzen. Mat engem Duch bannen an der Tastatur duerchwëschen an d’Tasten dono erëm op déi richteg Plaz setzen.

Wichteg bei der ganzer Wäsch ass, onbedéngt de Stécker vum PC eraus ze huelen. Et Voilà, esou huet ee sech d'Suen fir eng nei Tastatur gespuert.