Wann iech doheem d'Owender an de Weekend éiweg virkommen, da sinn dës 5 Filmer eng gutt Optioun géint d'Langweil!

THE HATEFUL EIGHT (2015)
Regie: Quentin Tarantino
Dauer: 3 Stonnen a 7 Minutten

Wärend engem heftege Stuerm siche Kappgeld-Jeeër, Cowboys an e puer Littie Schutz op enger Ranch a sinn do gezwongen op enkstem Raum mateneen eens ze ginn, bis d’Wieder sech berouegt. Eng schéi Parallel zu där aktueller Situatioun, just datt d’Cowboys am Homeoffice iergendwann ufänken sech ze erschéissen. An den Haaptrolle spillen ënnert anerem de Samuel L. Jackson an den Tim Roth.

BOYHOOD (2014)
Regie: Richard Linklater
Dauer: 2 Stonnen an 43 Minutten

E Film ronderëm Famill an d’Erwuesse-ginn. Am Mëttelpunkt steet de Mason, gespillt vum Ellar Coltrane, deem seng Kandheet a Jugend mat all senge Meilesteng gewise gëtt: Sträit mat den Elteren, di éischt grouss Léift an di éischte Kéier Alkohol. Esou genannte „Coming-of-Age-Filmer“ ginn et der vill, „Boyhood“ ass awer eenzegaarteg, well de Regisseur Richard Linklater de Film iwwer 12 Joer ewech, mat ëmmer där selwechter Besetzung gedréint huet. Et gesäit een d’Schauspiller also tatsächlech méi al ginn.

THE IRISHMAN (2019)
Regie: Martin Scorsese
Dauer: 3 Stonnen an 29 Minutten

Den Ir Frank Sheeran schafft an de 50er Joren als Camionschauffer a bessert seng Pai op andeems hie Fleesch-Liwwerunge klaut an un d’Mafia verkeeft. Esou rutscht hien an d’organiséiert Kriminalitéit eran. Eleng de Cast liest sech wéi dee vun engem grousse Mafia-Klassiker aus den 80er: Robert De Niro, Al Pacino, Joe Pesci, Ray Romano an nach vill anerer. En typesche Mafia-Scorsese-Film, deen dëst Joer och fir en Oscar nominéiert war.

VICTORIA (2015)
Regie: Sebastian Schipper
Dauer: 2 Stonnen an 20 Minutten

Di jonk Spuenierin Victoria lieft zanter kuerzem zu Berlin a léiert beim feieren e Mann kennen. Aus der Romanz gëtt awer ganz séier e Gangster-Drama. Besonnesch beandrockend: De Film ass e „One Shot“ – dat heescht, datt de ganze Film an engem Take gedréit gouf. Doduerch kritt een als Spectateur d’Gefill, datt ee quasi live dobäi wier. Net fir näischt huet „Victoria“ a ganzer 6 Kategorien en Däitsche Filmpräis gewonnen.

INTERSTELLAR (2014)
Regie: Christopher Nolan
Dauer: 2 Stonnen an 49 Minutten

Nodeems si de Planéit komplett ruinéiert hunn, kämpfen d’Mënschen an der Zukunft ëm d’Iwwerliewen. De Cooper, e fréieren Ingenieur an Nasa-Pilot, gëtt auserwielt, fir d’Mënschheet ze retten. De Regisseur Christopher Nolan huet scho mat Filmer ewéi „Inception“ oder der „Dark Knight“-Trilogie bewisen, datt hie säin Handwierk beherrscht an och „Interstellar“ ass gelongen. An den Haaptrolle spillen ënnert anerem de Matthew McConaughey an d’Anne Hathaway.