Vill Länner, dorënner och Däitschland, denken iwwert eng digital Léisung no, géint de Virus virzegoen. Handysdonnéeë sammelen an aner Persoune warnen.

Lauschtert eran!

Een dominant Thema vu leschtem Joer war den Dateschutz: Duerch nei Richtlinn solle persounebezunn Donnéeë geschützt ginn. An Zäite vu Corona spillt Däitschland mat enger Iddi, déi eigentlech géint dës nei Veruerdnung geet: d'Reegele vum Dateschutz entschäerfe fir de Virus esou anzedämmen. Aktuell diskutéiert ee fir d'Handysdonnéeë vu Corona-Patienten z'analyséieren an esou weider méiglech Infizéierter ze fannen. Dat soll duerch Tracking funktionéieren.

Elo scho gëtt dat deels gemaach - a vill Länner ginn awer anonymiséiert Date geholl an et analyséiert een, wéi d'Beweegung vun de Bierger an de leschte Wochen nogelooss huet. Heescht: D'Leit hale sech un d'Mesuren a bleiwen doheem. Den Autoritéiten no kritt een hei awer net d'Date vun Eenzelpersounen, mee "Massestatistiken". Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn wëll e Schratt weider goen an d'Date vun eenzele Bierger auswäerten. Bierger, déi sech mam Virus infizéiert hunn.

Duerch d'Handysdonnéeë wëll een d'Infektiounskette méi séier novollzéie kënnen. De Minister hat souguer schonn e Gesetzesentworf op d'Been gestallt. No Kritik vun Dateschützer an dem Refus vun der Justizministesch läit dee Plang awer elo mol op Äis, ass awer nach net vum Dësch. Wéi d'Ministesch erkläert huet, misst dës detailléiert ausgeschwat an diskutéiert ginn, well et esou e "wäitreechenden Agrëff an d'Biergerrechter" wier.

Et kéint ee sech et sou virstellen: Eisen Handy wielt sech jee nodeem wou mir sinn an déi nächste Funkantenn an. Duerno kéinten d'Autoritéiten analyséieren, wéi vill Leit sech op där Plaz opgehalen hunn, op där och dee potentiell Infizéierte war an esou kéint een dës Persoune kontaktéieren. Aner Länner wéi Taiwan, China oder Südkorea sollen hir Infektioune mat dësem Tracking reduzéiert hunn. Genee dat gëtt vu ville kritiséiert, well een esou zum Kontrollstaat géif ginn.

Eng aner Méiglechkeet wier eng Tracking-App op fräiwëlleger Basis, mat där och Warnunge verschéckt ginn, wann eesech grad op enger Risikoplaz ophält. Wichteg wier et awer, datt Kontrollinstitutioune wéi d'Police keen Zougrëff op dës Date géifen hunn. A ville Länner lafen entspriechend Iwwerleeungen op Héichtouren. Éier esou e Konzept awer ëmgesat gëtt, muss ee kloer stellen, datt d'Privatsphär vun den eegene Bierger geschützt bleift.