Dat Berufflecht vum Privaten ze trennen ass net ëmmer einfach. Ma et soll een et awer probéieren, well soss an der Bezéiung villes ka schif goen.

De Chef geet iech op d’Schlappen an d’Frëndin oder de Frënd kascht iech de leschten Nerv. 2 Situatiounen déi openee prallen a keng aggréabel Zoustänn sinn. Doru kann esouguer eng gesond a stabil Bezéiung futti goen.

Wann der Stress op der Schaff hutt, da probéiert dat net mat der Bezéiung ze vermëschen. Schwätzt Kloertext mat ärem Partner a sot ëm einfach, dass der vun der Aarbecht genervt sidd. Da weess är besser Hallschent wou se drun ass an huet Verständnis dofir, dass der e bëssen är Rou wëllt.

Ganz wichteg ass et och de Frust net um Partner auszeloossen, well dee ka jo elo wierklech net dofir wann dir op der Schaff gestresst sidd, ausser äre Partner ass de Patron, mee dat ass nees en anert Thema.

Probéiert och net ärem Stupp onnéideg Rotschléi ze ginn. Déi kommen an esou Situatiounen dacks falsch eriwwer a féiere just zu Sträit. Hei ass et dann d’Nolauschtere wat gefuerdert ass oder och d’Matdeele vun eegenen Erfarungen, wann eesech an d’Situatioun eraversetze kann.

An zu gudder lescht nach d’Schwätzen ënnerteneen. Tauscht iech reegelméisseg ass fir, dass de och ëmmer up to date sidd wat bei ärem Partner esou lass ass. Esou fannt dir e Rhythmus dee fir d’Bezéiung gesond ass a fir iech funktionéiert.

Esou dierft een an Zukunft keen Zodi méi doheem hunn, wann et op der Aarbecht mol nees eng Kéier méi hektesch ass.

Lauschtert eran