De Coronavirus dominéiert eis Welt. An och no an no d'Kichen vu verschiddene Gastronomen.

Déi eng Leit maache Memes, d'Sänger maache Lidder iwwert en, a Persounen aus der Gastronomie maachen en zum Thema an hire Kreatiounen. Riets geet, wéi kéint et dëser Deeg anescht sinn, vum Coronavirus.

Esou huet zum Beispill an Taiwan ee Restaurant kuerzerhand decidéiert ee Coronavirus-Burger ze maachen. D'Bréidche vum Burger ass nämlech esou wéi dat Baussent vum Coronavirus geformt. Bannendran ass awer näischt schlëmmes: ee Stéck Fleesch, Kéis an nach e bësse Gréngs, a voilà. De Restaurant war dunn erstaunt mee och frou iwwert de Succès vum Corona-Burger. All Dag géifen eng gutt 50 Stéck dovu verkaf ginn.

Dann huet och en Donut-Shop zu New York ee speziellen Donut entworf. Dëse gesäit zwar net aus wéi de Coronavirus, mee huet d'Gesiicht vum Dr. Anthony Fauci drop. Dësen Dokter ass Deel vum Trump senger "Coronavirus-Task-Force" an nawell beléift an den USA, well en grad elo, kloer Wieder fënnt. D'Hommage un den Dokter kënnt dann och sauméisseg gutt un. A ganz Amerika wëll een en Donut mam Dr. Fauci sengem Gesiicht drop.

Zum Schluss nach ee Versuch de Coronavirus ze verséissen, deen och zum Deel ganz schlecht opgeholl gouf. An zwar de Corona-Ouschterhues. Équpiéiert mat engem Mondschutz an Toilettepabeier, sinn d'Reaktiounen ënnerscheedlech: déi eng fannen, dass den Hues eng flott Méiglechkeet ass, emol ee kleng Laachen op de Lëpsen ze hunn. Anerer fannen et ganz schlëmm, dass ee mat der aktueller Situatioun de Geck mécht. Fir d'Gemidder ze berouegen huet de Chocolatier Wawi decidéiert, all d'Suen, déi duerch de Corona-Hues erakommen ze spenden.