Éisträich huet se schonn: d'Schutzmaske-Flicht. Op d'mannst dierf een net méi ouni Schutzmask an de Supermarché goen.

D’Regierung huet e Méindeg decidéiert, dass d’Bierger beim Akafen eng Schutzmask mussen undoen. Dat heescht, et dierf ee just nach mat Schutzmask an de Supermarché goen. Domat sollen net déi, déi d’Masken unhunn, besser geschützt ginn, mee virun allem d’Verbreedung vum Virus iwwert d’Loft reduzéiert ginn. Et solle keng weider Leit ugestach ginn, falls een de Virus an sech sollt droen.

Dës Mesure wéilt een dann och op der Aarbechtsplaz ausbreeden, dat heescht all déi Leit déi aktuell schaffen, egal a wéi engem Beräich, missten dann eng Schutzmask, déi de Mond an d'Nues verdecken, unhunn. D'Maske géife viraussiichtlech vun e Mëttwoch un, virun de Supermarchéeë verdeelt ginn. Lauschtert hei den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz:

Och online ginn hëtzeg Diskussioune gefouert. Wat ass richteg? Dozou gëtt et wuel keng eenzeg a richteg Äntwert. Entgéint der Decisioun an Éisträich stellt sech d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO géint esou eng Flicht. D’Organisatioun, un déi hir Richtlinne sech Lëtzebuerg hält, hat erkläert, datt si kranke Leit an deene mat Symptomer uroden, esou eng Mask ze droen.

An e puer däitsche Bundeslänner lafen aktuell Diskussiounen, ob en allgemengt Droen zur Flicht soll ginn, d’Stad Jena wëll elo op dee Wee goen a vill Experte schwätze sech och dofir aus. Grond: De Virus gëtt duerch "Tröpfcheninfektion" iwwerdroen. Ma wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Bis ewell muss een an der Ëffentlechkeet keng Mask unhunn.

D'Eldo-Nolauschterer sinn do och ganz gedeelter Meenung: Déi eng schwätze sech dofir aus a ginn eng sëllechen Initiativen un, déi esou Maske bitzen. Anerer fannen et dat net ganz richteg. Esou Maske sollen dem Fleegepersonal an de Leit aus dem Gesondheetssecteur virbehale bleiwen. Donieft gëtt ervir gehuewen, datt een d'Hänn esou net schütze kann.

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount hat, begréisst een natierlech déi vill Initiativen, déi sech elo bereet erklären, esou Masken ze bitzen. Et wéilt een awer net, dass dat falscht Gefill vermëttelt gëtt: Natierlech kann et d'Drëpsen zeréckhalen, et wier awer keen absolute Schutz. Et soll ee virun allem d’Hänn wäschen a säin Ofstand anhalen.

Op der Säit vun der Santé liest een d’Recommandatioun, datt "d’Personal aus dem Gesondheetssecteur, dat selwer Otemwee-Symptomer huet", esou Maske soll undoen, fir anerer net unzestiechen. A verschidde Situatiounen ass et fir d’Gesondheetspersonal Flicht, eng FFP2-Mask ze droen:

"D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gesäit net vir fir aus präventive Grënn eng Mask unzedoe fir esou ze verhënneren, datt ee sech mam Virus COVID-19 ustécht. D'WHO recommandéiert dem Personal aus dem Gesondheetssecteur, dat selwer Otemwee-Symptomer huet, fir eng chirurgesch Mask unzedoe fir esou net Anerer unzestiechen.

De Gebrauch vu spezielle Masken (FFP2) fir der Infektioun mam Corona-Virus virzebeugen, mécht just an deene Spideeler Sënn, an deene Patiente mam Corona-Virus betreit ginn, a bei der Analyse vum Kierpermaterial vun dëse Patienten.

D'Gesondheetspersonal muss och eng FFP2-Mask unhunn, wann en Test (Nuese-Frottis) vun engem Patient gemaach gëtt. E Laboratoirestechniker muss eng chriurgesch Mask unhunn, fir kënne mat Otemprouwen ëmzegoen."