An elo de Moment, sollt een dës vläicht nach méi heefeg ofmaachen.

Eemol ass do d'Tëleecommande dobäi. Wéinst dem Coronavirus wäsche mer eis jo reegelméisseg d'Hänn, fir sécher ze goen, dass keng Covid19 Vire méi drop sinn. Ma d'Commande vun der Tëlee pake mer awer och ëmmer nees mat den Hänn un. Dofir allgemeng soll een dës da reegelméisseg ofmaachen, an elo villäicht e bësse méi dacks.

An och eis Poschen, déi eis jo iwwerrall hi begleeden, freeë sech driwwer reegelméisseg gebotzt ze ginn. Eemol natierlech fléien do déi verschidde Keesenticketen ewech, an och mam Staubsauger, kritt een all lescht Grimmelchen eraus. Mee och bausse soll een se botzen. Besonnesch wann een emol bedenkt, wou een d'Posch iwwerall néiersëtzt, oder widderleet. Wa méiglech, kann d'Posch an d'Wäschmaschinn, oder einfach mat engem fiichten Duch a Seef ofmaachen.

Lauschtert hei eran!

Da ginn et nach esou Plazen am Haus, déi een elo mat der Coronaviruskris reegelméisseg soll botzen: eis Klensche vun den Dieren, d'Grëffer vun de Fënsteren an d'Schaltere fir d'Luuchten. Déi ginn nämlech wierklech heefeg ugepak, a virun allem och vu Leit déi vun ausserhalb kommen. Och do ass et nees ganz einfach fir eppes ze maachen: eng propper a fiicht Spulllomp, do Seef oder Spüli drop, an alles schéin ofmaachen. Just opgepasst bei de Schalteren fir d'Luuchten: d'Lomp oder d'Duch muss wierklech gutt ausgedréckt sinn, an net ze naass sinn!