D'Liewen an der Isolatioun ka schonn depressiv maachen, mee mat där richteger Musek kann ee seng Laun verbesseren - op d'mannst fir e puer Minutten.

"24K Magic", Bruno Mars (2016)

Ugefange mam Bruno Mars Hit "24k Magic" - ee perfekte Gutt-Laun-Song. T’ass schwéier, just ee Lidd vum Bruno Mars eraus ze wielen.

"Enjoy the Silence", Depeche Mode (1990)

"Enjoy the silence" vun Depeche Mode passt natierlech perfekt. Well d’Rou genéisse kënne mer wärend der Quarantän definitiv, an heiansdo deet dat jo och gutt.

"Barbie Girl", Aqua (1997)

"Barbie Girl" vun Aqua ass esou ee richteg nervegt Lidd, mee domat vergësst e wärend e puer Minutten op mannst seng Suergen wéinst der Coronakrise.

"Call Me Maybe", Carly Rae Jepsen (2011)

"Call Me Maybe" séngt d’Carly Rae Jepsen a sengem Hit vun 2011. Net just villäicht, an Zäiten vu Social Distancing ruffe mir ganz sécher un.

"Good Feeling", Flo Rida (2011) 

De Flo Rida suergt mat senger Partymusek ëmmer fir gutt Stëmmung- gutt Gefill vläicht net de Moment, awer op d'mannst wa mer un d’Zukunft denken.

"Shut Up and Dance", Walk the Moon (2014)

"Shut Up and Dance" fuerderen d’Museker vun der Band Walk The Moon. Einfach drop lass danzen - et kuckt sécher keen.

„Always Look On The Bright Side of Life,” Monty Python

Dann dierf natierlech och de Klassiker aus dem Monty-Python-Film "Life of Brian" net feelen.

Wiem et mat dësem Lidd net besser geet, deem ass net ze hëllefen. De ganzen Dag eleng doheem ze hänken ass zwar penibel, mee d’Liewe kéint definitiv nach vill méi schlëmm sinn wéi dat.