Déi eege véier Wänn kënnen engem no enger Zäit zimmlech op de Su goen. Ma et kann ee sech et trotzdeem gutt goe loossen.

Wéinst dem Coronavirus, muss een aktuell op eng ganz rei Aktivitéite verzichten. Dat geet vum Besuch am Restaurant, iwwert eng Sortie an der Disco bis hin zu engem gemitterlechen Owend am Kino. Et gëtt allerdéngs eppes, op wat een net verzichte muss, an zwar den eegene Gebuertsdag.

Loosst iech et op ärem Dag vu mueres bis owes richteg gutt goen. Fänkt och scho mueres beim Kaffi un! Gënnt iech alles op wat der Loscht hutt, Paangecher, Eisekuchen oder och eng gutt Omlett mat Speck. Wéi gesot, maacht dat wourop der Loscht hutt.

A wat wier e Gebuertsdag ouni eng Taart? Villäicht kritt der jo eng gebak a wann net, da maacht iech selwer eng, dir hutt jo gutt Zäit.

Mëttes wier et dann ideal sech eppes ze bestellen. Um eegene Gebuertsdag soll ee jo net ze vill Schaffen a sech verwinne loossen. Nom Iesse wier dann eng Sieste ubruecht an dono direkt an de Wellness doheem. Eng gutt Bidden oder Dusch, no der ee sech da gemitterlech nach a puer Minutten am Buedmantel op d’Terrasse sëtzt.

Elo kann ee sech natierlech d’Fro stelle wat een owes ësst. Ma bestellt iech einfach nach eng Kéier. Drénkt virdrun e gudden Apéro, dréint d’Musek op a virun allem loosst iech goen.

Esou feiert der de ganzen Dag op en aner Aart a Weis. Denkt och drun, dass der déi gewinnte Ritualer jo nächst Joer nees kënnt maachen.

Lauschtert eran