Ganz vill Entreprise missten hire Betrib wéinst dem Coronavirus astellen. Dat ass och de Fall beim weltwäit gréisste Kondomproduzent.

Wie gären zu 2 Spaass am Bett huet, awer Geschlechtskrankheeten oder eng ongewollte Schwangerschaft verhënnere wëll gräift op de Klassiker zeréck: d'Kondom.

De beschte Kolleg aus Latex vu Mann mee och Fra huet awer elo ee grousse Produktionsstopp. De weltwäit gréisste Kondomproduzent Karex kann aktuell keng Kondomer méi hierstellen. D'Fabriken vu Karex stinn a Malaysien. Zanter enger Woch sinn do dann elo keng nei Gummie méi produzéiert ginn. Dat bedeit, dass 100 Millioune Kondomer elo scho feelen.

Lauschtert hei eran!

Karex produzéiert nämlech all 5. Kondom, deen et weltwäit gëtt. Ee groussen Deel dovu geet zum Beispill un Durex, de weltbekannte Konzern wann et em d'Loscht geet. Mee ganz vill Kondomer ginn och an Entwécklungslänner wéi Afrika geschéckt, fir esou d'Verbreedung vun HIV ze verhënneren.

Ma Karex ass awer net deen eenzege Produzent deen de Latex aktuell net verschafft. A China, Indien an Thailand, sti weider grouss Produktiounen vu Kondomer. Ma dës Länner sti jo och wéinst dem Coronavirus nach gréisstendeels ënner Lockdown.
Aktuell seet Durex, dass de Stock nach grouss genuch wier, an ee sech keng Suerge misst maachen.