Ob een elo un Iwwernatierleches gleeft oder net, dat sief dohi gestallt. Fakt ass, dass et scho ganz skurril Zoufäll ginn.

Fir elo eppes Genaues kënnen ze soen, musse mer déi ganz Geschicht am Detail kucken. An der koreanescher Serie "My Secret, Terrius", déi och op Netflix ze gesinn ass, geet et ëm e Geheimagent, deen an engem mysteriéisen Doudesfall ermëttelt an eng Verschwierung opdecke wëll.Bemol fält dann och d’Wuert "Coronavirus".

Dat komescht un der Saach ass, dass de d’Serie 2018 eraus komm ass, ma d’Corona-Pandemie awer eréischt Ënn 2019 a China ugefaangen huet. D’Dokteren an der Serie ginn Detailer präis, déi erschreckend no un eis aktuell Situatioun erukommen.

D’Erklärung ass hei allerdéngs ganz simpel. De Begrëff Coronavirus ass nämlech net nei. D’Coronavirus-Famill ass scho säit de 60er Jore bekannt. Et ass nëmmen den Erregertyp SARS-CoV-2, deen zu der Covid-19-Erkrankung féiert, dee bis elo net bekannt war.

Méi beängschtegend ass dann den Hollywood-Film "Contagion" vun 2011. De Film erzielt nämlech erschreckend realistesch, wéi e Virus de ganze Planéit am Grëff huet. Vun der Quarantän doheem bis bei d’Hamsterkeef an de Supermarchéen. Ganz zum Schluss vum Film gëtt esouguer gesot, dass eng Fliedermaus a China d’Pandemie un d’Rulle bruecht huet.

Net ze vergiesse sinn d’Simpsons. Déi kleng giel Famill aus Springfield, huet am Joer 1993, d’Pandemie virausgesot. An enger Episod ass et eng Aart Virus, deen aus dem asiatesche Raum kënnt a säi Wee an d’USA fënnt.

Elo ass et iech iwwerlooss, ob dir un esou eppes wéi Viraussoe gleeft oder net. Eppes muss een allerdéngs soen: Et si komesch Zoufäll.

Lauschtert eran